"Solidaritéit mat den Heescherten"
Sans-Abrisen mussen och virun héijen Temperaturen geschützt ginn

D'Stad Lëtzebuerg muss Responsabilitéit iwwerhuelen an d'Leit déi op der Strooss liewen virun der Hëtzt schützen.
Dat fuerdert d'Associatioun "Solidaritéit mat den Heescherten" an engem Schreiwes. Et wier inacceptabel, datt absolut keng Initiativ iwwert déi lescht Deeg geholl gouf a keen Noutfallplang op d'Bee gestallt gouf, fir d'Sans-Abrisen virun den héijen Temperaturen ze schützen. Ouni reegelméissegen Zougang zu Waasser, Schied oder klimatiséierte Raimlechkeete géifen d'Leit op der Strooss hir Gesondheet a souguer hiert Liewen riskéieren. Dofir fuerdert d'Associatioun d'Stad Lëtzebuerg ënnert anerem op direkt e Plan canicule mat den Associatiounen um Terrain op d'Been ze stellen.
Am meeschte gelies