"Eng Schoul fir jiddereen" - Realitéit oder Illusioun?
All Kand huet d’Recht um reguläre Schoulcours deelzehuelen. Datt dat awer a Lëtzebuerger Klassesäll net ëmmer sou ëmgesat gëtt, weisen eis Recherchen.*
Wann ee Kand an der Schoul net matkënnt, sief et, well et eng Léierschwächt, emotional Probleemer oder een Handicap huet, dann huet dat Kand e sougenannte spezifesche Besoin. All Kand huet d’Recht, um reguläre Schoulunterrecht deelzehuelen. Kanner mat spezifesche Besoine sollen dann och spezifesch Fërdermoossname kréien. Datt dat awer a Lëtzebuerger Klassenzëmmer net ëmmer esou ëmgesat gëtt, weisen eis Recherchen.
Ee Kand, dat op de Gank gesat gëtt fir, dass et den Unterrecht net stéiert, een anert, dat de ganzen Schouldag mat enger knaschteger Pampers muss verbréngen oder hannert ee Paravent gesat gëtt fir, dass et déi aner Kanner net oflenke kann. Just e puer Fäll, déi d’Eduarda Neves do Rosário am Kader vun hirer benevoller Aarbecht bei der ZEFI asbl kennegeléiert huet. Bei hir melle sech reegelméisseg Elteren, déi Kanner mat spezifesche Besoinen hunn a Probleemer an der Schoul hunn. "Ce ne sont pas un, ni deux, ni trois cas. C’est beaucoup d’enfants comme ça", beschreift d’Eduarda Neves do Rosário d’Situatioun.
Et geet an deene Gespréicher dacks ëm Kanner mat spezifesche Besoinen, déi zwar an eng regulär Schoul kënne goen, hir Besoinen awer net berécksiichtegt ginn a si keng qualitativ héichwäerteg Bildung erméiglecht kréien.
"On a la possibilité de le faire bien. Et ce n’est pas d’avoir plus d’argent. C’est diriger l’argent là où il doit être", där Meenung ass d’Eduarda Neves do Rosário. Si ass selwer Mamm vun engem Jong mat spezifesche Besoinen. Mëttlerweil huet hire Jong, den Daniel Quintas, 18 Joer an ass enger Klass, déi hien op e Beruff virbereet, vum CDI – dem Kompetenzzenter fir den développement intellectuel. Domadder gehéiert hien zu den 0.125* Prozent vun de Schüler, déi zu Lëtzebuerg net regulär beschoult ginn.
Inclusioun zu Lëtzebuerg
Wann e Kand Schwieregkeeten huet, am normalen Unterrecht matzekommen, sollen him u seng Bedierfnisser ugepasste Fërdermoossnamen ugebuede ginn. Zanter der leschter grousser Reform 2018 gesäit dat esou aus, dass an engem éischte Schrëtt mat der Ressourcen, déi d’Schoul zur Verfügung huet, geschafft gëtt. Nieft dem reguläre Léierpersonal ass dat de sougenannte I-EBS: (L’instituteur spécialisé dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques) Dat ass en Enseignant, deen op d’Ënnerriichte vu Kanner mat spezifesche Besoine spezialiséiert ass. An den A-EBS (assistants pour élèves à besoins éducatifs spécifiques) ass en Assistent fir de I-EBS a soll Schüler mat spezifesche Besoinen och an hiren alldeeglechen Aktivitéiten hëllefen.
Wa weider Hëllef benéidegt gëtt, kuckt d’Léierpersonal sech de Fall zesumme mam ESEB (équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs particuliers ou spécifiques) un. Dat ass ee Pool vun Agenten, déi sur place sinn an de Schüler entweder wärend dem Unterrecht oder mat Workshops ënnerstëtze kënnen.
Wann ee mat de Ressourcë vun der Schoul un d’Grenze stéisst, ass déi nächst Etapp déi regional Inclusiounskommissioun CI, déi sech de Fall ukucken an en individuelle Plang fir d'Betreien ausschaffe soll.
Ginn och dës Ressourcen net duer, ass déi lescht Instanz déi national Inclusiounskommissioun. Si entscheet iwwert eng spezialiséiert Diagnos oder Betreiung an ass soumat d’Scharnéier zu den aacht Kompetenzzentren, déi d’Schüler hire Besoinen no entweder ënnerstëtzen oder spezialiséiert beschoule kënnen.
Ee vun 800
0,8 Prozent vun de Schüler zu Lëtzebuerg ginn a speziellen Ariichtunge beschoult, zum Beispill ganz oder zum Deel an deenen aacht Kompetenzzentren oder a speziellen Ariichtungen am Ausland. Am Daniel Quintas sengem Fall geet hie ganzdaags an ee Kompetenzzenter an ass domadder ee vun 800 Schüler, déi an esou engem Zentrum betreit ginn.
Säi Schoulparcours geet ganz regulär an der Spillschoul un. Wat bei him anescht ass, wéi bei anere Kanner: hie schwätzt an interagéiert net mat senge Schoulkomeroden. Mat 5 Joer kritt hien d’Diagnos vum atypeschen Autist, fréier “Asperger” genannt. Seng Eltere kréie geroden, hien no der Spillschoul an déi deemoleg Education differenciée (Ediff) ze ginn. Déi Charge géif haut vun engem Kompetenzzenter iwwerholl ginn.
Seng Mam d’Eduarda Neves do Rosària wëll dat am Ufank net. Bei Decisioune ronderëm d’Fërdermoossname vun engem Kand mussen d’Elteren zoustëmmen. Dofir geet den Daniel um Ufank och an eng regulär Primaireschoul. D’Inclusioun huet awer anescht ausgesi wéi erhofft.
"Il avait trois heures d’assistance en classe. Quand l’assistante n’était pas là, il ne faisait rien", erënnert sech d’Eduarda Neves do Rosària. Dat Schlëmmst wieren awer d’Pause gewiescht, déi hire Jong domat verbruecht huet, sech ze verstoppen an d’Oueren zouzehalen, well hie mam Kaméidi net eens ginn ass.
D’Eduarda huet schlussendlech kapituléiert an agewëllegt, dass en an déi deemoleg Education differenciée versat gëtt.
An der Klass vum CDI, an där den Daniel haut ass an déi hien op e Beruff preparéiert, fillt hie sech déi éischte Kéier wierklech wuel. Trotzdeem ass et am Eduarda sengen A keng richteg Inclusioun. Déi richteg Inclusioun géife si just ausserhalb vun der Schoul erliewen, wann hien an de Museksunterrecht geet, an de Fitness oder mat senge Cousinen an de Kino:
"Le seul problème que j’ai, c’est qu’il n’y a pas une vraie inclusion. Parce que dans sa classe, il n’y a que des enfants qui ont quelque chose. Ce n’est pas une classe ordinaire du lycée. "
Iwwernächst Joer wäert dem Daniel seng Schoulzäit eriwwer sinn. Wat dono kënnt, wier nach ongewëss. De Choix wier zu Lëtzebuerg awer leider net immens grouss:
"De toute façon, je sais qu’une fois qu’il a pris le chemin de l’EDIFF, il n’aura pas de diplôme, qu’il n’allait jamais aller à l’université. Je le sais et je l’accepte, mais au moins qu’il fasse une chose qu’il aime. C’est seulement cela que je veux. Maintenant, il est heureux, mais je veux aussi qu’il soit heureux si je ne suis plus là, et son père non plus."
Ëmmer méi Kanner mat spezifesche Besoinen
Offiziell Zuelen dozou, wéi vill Kanner zu Lëtzebuerg iergend ee spezifesche Besoin hunn, gëtt et net. De Laurent Dura vum Service national de l’éducation inclusive (SNEI) geet vun enger Prevalenz vun 10 bis 15 Prozent aus.
"An enger Klass vu 16 wann dir dovun ausgitt, dass dir 10 bis 15 Prozent hätt, géif ee jo streng statistesch dovunner ausgoen, dass een ee bis zwee Schüler mat spezifesche Besoinen hätt. Mä déi Klass vu 16 ass jo anescht wéi déi aner Klass vu 16. Dir hutt net an all Klass déi selwecht Verdeelung."
D’Prevalenz vu Kanner mat spezifesche Besoine schätzt d’Joëlle Damé vun der Enseignantsgewerkschaft SEW anescht an. Si schafft zanter 1997 als Enseignante zu Péiteng a geet am Schnëtt dovun aus, dass ee Véierel vun enger Klass iergendeng Form vu spezifesche Besoinen huet – an dat wier nach niddereg ugesat. "Mir hate scho Klassen, do hat iwwert d’Hallschent e spezielle Fërderplang".
Och d’Zuel vun de Schüler, déi regional vun der Ënnerstëtzung duerch d’ESEB profitéieren, huet sech bannent 5 Joer méi wéi verdräifacht. Am Schouljoer 2019/2020 waren et nach 702 Schüler, 5 Joer drop sinn et der schonn 2.574. D’Zuel vun de Schüler, déi iwwert e Kompetenzzenter ënnerstëtzt ginn, ass wäitaus méi lues geklommen. Moossnamen, déi um Niveau vun der Schoul selwer geschéien zum Beispill duerch déi spezialiséiert Enseignanten (I-EBS) ginn néierens festgehalen. Dem Laurent Dura no géif et méi Kanner mat spezifesche Besoine ginn, well och allgemeng d’Unzuel u Schüler klëmmt.
Datelag zur Inclusioun an der Schoul
Allgemeng sinn zanter 2017/2018 guer keng national Datë méi zur schoulescher Inclusioun verëffentlecht ginn, dat kritiséiert och de Rapport vum Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire (OEJQS) aus dem Joer 2023. De Laurent Dura vum SNEI (Service national de l’éducation inclusive) no géif et déi Donnéeën awer ginn.
"D’Erklärung, firwat keng Donnéeë méi publizéiert ginn, ass net, well keng Donnéeë méi publizéiert ginn, mä well d’Instanzen, déi déi Donnéeë publizéiert hunn, déi existéieren einfach net méi."
Dat wär zanter der Reform vun 2018 esou, bei där d’Kompetenzzentren entstane sinn an d’Education differenciée ersat hunn.
Et wär awer eng vun de Pisten, iwwert déi ee kéint nodenken, fir déi nees méi konsequent ze verëffentlechen, esou de Laurent Dura vum SNEI. Aktuell kritt een déi Zuelen, déi si erhiewen, just op Nofro.
Ineffikass an zäitopwänneg Demarchen
Bei der Ëmfro vum nationalen Observatoire OEJQS koum ausserdeem eraus, dass 37 Prozent vun den Enseignanten uginn hunn, schonn emol gezéckt ze hunn, e Kand bei der Inclusiounskommissioun ze mellen, well d’Demarchen ze ineffikass e an zäitopwänneg wären.
Wou 2009 de I-EBS an d’ESEB agefouert goufen, wier dat eng grouss Erliichterung fir d’Enseignantë gewiescht. Dat ass Personal, dat an der Schoul selwer schafft an d’Ekippen um Terrain ënnerstëtzt. Och wann de Contingent nach net duergeet, wier dës direkt Hëllef um Terrain wichteg a wäertvoll. Manner effikass géif et awer ginn, wann ee mat de Ressourcë vun der Schoul un d’Grenze stéisst.
"Et kommen ëmmer erëm Leit bei een diskutéieren, et kommen ëmmer rëm Leit bei ee kucken, et fëllt een ëmmer rëm Pabeieren aus, fir dass een zum Schluss näischt méi u Moyenen huet, wéi dat, wat ee scho virdrun hat, nämlech seng eege Ressourcen oder d’Ressourcë vun der Schoul. Da kritt e vläicht eng Berodung ugebueden. Wann een da lo awer schonn de 7. Fall huet mat Dyslexie, da freet een sech: wéi sënnvoll ass dat? Da freet een: ass et dann net méiglech, dat Kand an e Léieratelier ze kréien? Ganz schwéier. Ganz schwéier fir spezifesch Mesuren ze kréien”, seet d’Joëlle Damé vun der Enseignantsgewerkschaft.
Wéi geet et virun?
Wann een d’Joelle Damé freet, ob mer aktuell um richtege Wee sinn, ass d’Äntwert "Nee". Den Dispositif wier net effikass an d’Ressourcen, déi agesat ginn, géifen net genuch um Terrain ukommen.
”Wann ee Kand Moies zur nämmlechter Dier erakënnt wéi déi aner, mä ab deem Moment dauernd vun enger anerer Persoun betreit gëtt, huet déi da grad Zäit no deem Kand ze kucken. A mir wurschtelen a pléischteren a kucken, dass et iergendwéi duerch den Alldag kënnt. Da leit d’Kand selwer, soss wier et guer net an deem Zoustand. D’Matschüler leiden, d’Enseignantë leiden, den Eltere kann et och net gutt goen a mir maachen, wéi wa mer eng gelongen Inclusioun hätten."
Dass d’Enseignanten d’Inclusioun an der regulärer Schoul als net gelongen aschätzen, huet och eng Ëmfro ënnermauert, déi den SEW d’lescht Joer duerchgefouert huet: Manner wéi 5% vun de Befrote ginn hei un, d’Gefill ze hunn, dass Inclusioun an de Schoule gutt ëmgesat gëtt. Och bei der Fro, ob d’Enseignanten an hirer Schoul déi néideg Ressourcen hunn, fir dass Inclusioun gelénge kann, stëmmen emol keng 5 Prozent "éischter zou".
Am Ministère gesäit ee sech weiderhin op der richteger Pist. Hiren eegene Rapport, dee se an der Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg gemaach hunn, géif hinnen do och Recht ginn. De System soll deemno weider sou ausgebaut ginn: Personal wéi I-EBS a A-EBSen opgestockt a Kompetenzzenteren dezentraliséiert ginn.
*An enger éischter Versioun vum Artikel hu mir geschriwwen, de Rapport vun der uni.lu géif dem Ministère Recht ginn, datt d'Inklusioun klappt. De Rapport weist allerdéngs just, dass d'Leit um Terrain méi zefridde mam aktuelle Systeem sinn, wéi mam Systeem vu virun der Reform.