Am Laf vum Summer wäerten déi zwee Satellitte vun der SES vu SpaceX an de Weltall geschoss ginn. Dräi weiderer sinn aktuell a Produktioun.

Et sinn d'Nummere Néng an Zéng vum Typ O3b mPOWER Satellit, déi zu Cape Canaveral ukomm sinn, an elo startkloer gemaach gi fir am Laf vum Summer mat SpaceX an de Weltraum bruecht ze ginn.

Béid Satellitte wäerten op "Medium Earth Orbit" (MEO) bruecht ginn, do wou och schonn déi aner aacht Satellitte vum selwechten Typ operéieren. D'SES wollt eigentlech dräi Stéck lancéieren, huet sech awer aus Effizienz- a Kapazitéitsgrënn fir 2 Satellitten decidéiert.

Bleiwen nach 3 weider Exemplaire vum O3b mPOWER, déi de Moment konstruéiert an am Laf vun de nächsten 12 Méint sollen op Orbit bruecht ginn.