Well d'Qualitéit vum Waasser et net erlaabt, soll een net an d'Syr schwamme goen. D'Gemeng iwwerhëlt keng Responsabilitéit.

Op de soziale Medien huet d'Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg drop opmierksam gemaach, dass een trotz den héijen Temperaturen net an d'Syr soll bueden oder schwamme goen. Hei den Text:

"D’Gemeng Mäertert wëll heimat explizitt drop hiweisen, dass d’Waasser an der Syr keng Badegewässerqualitéit huet!
An de leschten Deeg ass opgefall, dass vill Leit, ënner anerem och Schoulklasse vun auswäerts, bei de Waasserfall zu Mäertert schwamme ginn.
Net nëmmen, dass do d’Sécherheet net assuréiert ass (kee Schwammmeeschter, Bulli um Fong, déck Steng am Baachbett, Barrage aus Beton), mee d’Waasser aus der Syr ka belaascht si mat ë.a. Kolibakterien souwéi Phosphor- a Stéckstoff-Verbindungen.
D’Gemeng iwwerhëlt keng Responsabilitéit a warnt virun eventuelle Verletzungsrisiken a gesondheetleche Konsequenzen!"