Véier Blesséierter bei Accident vum Touristenzuch an der Stad

Image
Wikimedia / Renardo la vulpo
De CGDIS mellt dräi Accidenter am Laf vum Donneschdeg de Mëtteg, bei deenen am Ganze sechs Leit blesséiert goufen.
Um CR164 tëscht Féiz a Schëffleng koum et deemno zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Eng Persoun gouf blesséiert a vun de Rettungsdéngschter versuergt.
E weideren Accident gouf et um CR320 géint 12.36 Auer tëscht Ënnerschlënner an Houschent, wéi e Motocyclist gefall ass. Hei waren d'Rettungsdéngschter aus dem Zenter Nordstad, vu Buerschent an Housen op der Plaz.
Géint 14.19 Auer koum et am Gronn zu engem Accident, bei deem den Touristenzuch, deen och als Péitruss Express bekannt ass, involvéiert war. Am Ganze goufen hei véier Leit blesséiert. D'Ambulancieren an d'Pompjeeën aus der Stad waren um Asaz.