Bakteriell Iwwerbelaaschtung vum Drénkwaasser

© AFP
No Analysen am Labo vum Waasserwirtschaftsamt gëtt de Moment ofgeroden, Waasser vum Krunn ze drénken. Un enger séierer Léisung vum Problem gëtt geschafft.
D'Drénkwaasser am Netz vu Buer an der Gemeng Rouspert-Mompech entsprécht aktuell net den Normen, fir dierfe gedronk ze ginn. Fir all Eventualitéiten z'evitéieren, gëtt den Awunner geroden, bis op Weideres kee Leitungswaasser ze drénken. Och sollen domat weder Zaloten, nach Friichten oder Geméis gewäsch ginn. Wann et wierklech muss sinn, da soll een d'Waasser virum Gebrauch op d'mannst zwou Minutte laang kache loossen.
Soubal d'Gemeng vum Labo driwwer informéiert gëtt, dass d'Qualitéit vum Waasser sech rëm normaliséiert huet, wäerten d'Awunner eng Entwarnung kréien. Fir eventuell weider Froe gëllt den Telefonsnummer: 73 00 66 - 222, oder d'Mailadress: st@romo.lu