Am Laf vun en Donneschdegowend an an der Nuecht op e Freideg sinn d'Rettungsekippe vum CGDIS op insgesamt dräi Asätz geruff ginn.

Um 19.23 Auer hat op der A13 a Richtung Péiteng en Auto gebrannt.

Eng gutt Stonn méi spéit gouf dunn e Feier an engem Parterre an der Wäistrooss zu Schengen gemellt, dëst huet sech awer als falschen Alarm erausgestallt.

Am fréie Freidegmoien um 3.05 Auer gouf dann en Auto gemellt, deen um CR153 tëschent Méideng an Duelem am Gruef gelant war.

A kengem vun den dräi Virfäll gouf et Blesséierter ze bekloen, heescht et am CGDIS-Bulletin.

Am Laf vun e Freidegmoie gouf et dann nach weider Accidenter. Um 7.46 Auer sinn zu Käerjeng an der Rue de la Résistance zwee Autoen net laanschtenee komm. An op der A13 a Richtung Péiteng, op der Héicht vu Suessem, ass e Chauffer mat sengem Gefier verongléckt. A béide Fäll ass jeeweils eng Persoun blesséiert ginn.