Gemenge solle Subside nees méi einfach ausbezuelt kréien
Et ass ee vun de villen Dispositiffe vum Staat, duerch déi méi bezuelbare Wunnraum soll entstoen. De Pacte Logement 2.0 gëtt fir d'xte Kéier ofgeännert.
Et kommen nei finanziell Hëllefsmesurë fir d’Gemengen, déi Wunnenge bauen dobäi. Déi Subsiden, déi et scho ginn, bleiwe bestoen a sollen och méi einfach kënnen un d’Gemengen ausbezuelt ginn. De Regierungsrot huet déi Ännerungen um Freideg ugeholl an de Logementsminister Claude Meisch huet se duerno der Press virgestallt.
Wärend der Pressekonferenz hu mir nees un d’Logementsministesch Maggy Nagel erënnert: graff resuméiert hat si 2014 kuerz nom Enn vun CSV-LSAP an dem Untrëtt vun DP-LSAP-Gréng festgestallt, datt Gemengen via Pacte Logement vill Sue vum Staat kruten, déi se eigentlech net hätte solle kréien. Dowéinst goufe Krittären agefouert. Wuel ze streng oder komplizéiert, well d’Gemengen déi lescht Joren d’Enveloppe, déi virgesi war, net opgebraucht hätten.
D’Krittäre ginn deemno elo nees méi einfach gemaach: et soll duergoen, wann een an engem Joresrapport dokumentéiert, wat eng Gemeng mat de Suen, déi se krut, gemaach huet.
De Claude Meisch huet de Pacte Logement 2.0 ewéi en elo war awer net zerriet. D’staatlech Hëllef vun 2.500 Euro pro Wunneng an der Gestion locative sociale zum Beispill hätt Friichte gedroen: d’Zuel vu Wunnengen, déi vu Gemengen zu méi niddrege Loyere weiderverlount ginn, hätt sech bannent 4 Joer op 4.000 verduebelt.

© François Aulner
Elo kommen awer ewéi gesot nach 3 weider Subventiounen dobäi: 2.500 Euro pro Vefa-Wunneng, also déi eng Gemeng um Plang keeft. 2.500 Euro pro Wunneng, déi an enger Zone prioritaire d’habitation aus dem plan sectoriel gebaut gëtt an 2.500 Euro fir all Wunneng, déi an enger Baulücke gebaut gëtt. De Logementsminister sot, all d’Hëllefsmesuren zesummen, géingen scho vill ausmaachen.
Dat Ganzt kascht de Staat eppes, esou de Claude Meisch. 560 Milliounen Euro si fir d’Joren 2025 bis 2035 virgesinn.
De Logementsminister sot um Freideg iwwregens, hie wier nach ëmmer zouversiichtlech, datt d’Reform vun der Grondsteier an d’nei Taxen op eidel Wunnengen an eidel Terrainen zu enger waarmer Joreszäit dëst Joer duerch de Regierungsrot ginn.