De Fond-de-Gras am Minett gouf nei amenagéiert

D'Ännerungen am Minett Park solle fir méi Sécherheet, Accessibilitéit a flott Atmosphär suergen.
De Fond-de-Gras huet eng grouss Bedeitung fir d’Biergbau- an Eisebunnsgeschicht vu Lëtzebuerg. De Reamenagement gouf vum nationalen Denkmalschutzinstitut INPA geleet.
Eng Trap mat Bänke maachen en neien Accueilsberäich. Eng Spillplaz am Stil vun der Minièresbunn, nei Infrastrukturen an den ëmgebaute Quai sollen d’Sécherheet an d’Accessibilitéit verbesseren. D’Wuelbefannen an d’Atmosphär awer och. D'Leit solle rëmkommen, de Patrimoine an der Natur erliewen an Aneren dovun erzielen.
D’Ännerunge sollen et och erméiglechen, an Zukunft méi Visiteure kënnen z’empfänken an esou der grousser Demande entgéintzekommen.
De Patrick Sanavia, den Direkter vum nationalen Denkmalschutzinstitut INPA, seet: "D’Aarbecht ass awer nach laang net fäerdeg." Et hätt ee schonn déi nächst Iddie fir de Site.

D’Visiteure solle mat esou wéineg Schëlder ewéi méiglech iwwert de Site guidéiert ginn. De genaue System gëtt nach ausgeschafft. De Reamenagement vum Fond de Gras huet ronn 850.000 Euro kascht. Fir alles wat mat Schinnen ze dinn huet, goufen 2 Milliounen Euro investéiert.
Dëse Samschdeg, den 12. Juli, gëtt et dann och Musek an Iessen am Minettpark, dat um "Blues Express"-Festival.