Ee Witz vum Premier an CSV-President Luc Frieden iwwert d'Gewerkschafte suergt aktuell fir e bëssen Opreegung.

"Ech hu versicht si esou laang am Sall ze halen, datt si géinge Jo soen zu allem. Dat ass mir net gelongen, mee si si mir op d'mannst do bliwwen. An dat, mengen ech, ass schonn ee groussen Erfolleg, mee si hu ganz schlecht ausgesinn. Dat heescht, déi sinn och net gewinnt, Iwwerstonnen ze maachen."

Ee Witz vum Luc Frieden, deen net iwwerall gutt ukomm ass (Rep. Marc Hoscheid)

Déi Ausso huet de Premier an CSV-President Luc Frieden en Donneschdeg um Summerfest vu senger Partei zu Hesper gemaach. Wärend d'Leit sur place deels gelaacht hunn, hunn eng Partie Oppositiounspolitiker d'Wierder vum Luc Frieden, déi se iwwert de Radio 100,7 gewuer gi sinn, manner witzeg fonnt. Sou hunn zum Beispill den LSAP-Generalsekretär Sascha Pulli, déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard oder den Deputéierte Marc Baum vun deene Lénken d'Ausso op Facebook gedeelt a kritiséiert. De Luc Frieden géing domadder Ueleg op d'Feier schëdden, huet d'Djuna Bernard gemengt. Dem Sacha Pulli no géing et drëm goen, de Verhandlungspartner kleng ze kréien an ënnerzebotteren, a fir de Marc Baum weist d'Ausso, datt et dem Premier u Respekt vis-à-vis vun de Gewerkschaften an deene Leit, déi den 28. Juni bei der grousser Maniff dobäi waren, feele géing.

Op Nofro hin hunn d'Presidente vun OGBL an LCGB, Nora Back a Patrick Dury, eis gesot, de Premier hätt si e Freideg de Moie vu sech aus ugeruff. De Patrick Dury seet, hien hätt d'Saach berengegt, d'Nora Back schwätzt vun enger Entschëllegung. Bei der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP hat de Luc Frieden sech e Freideg de Moien awer nach net gemellt. De CGFP-President Romain Wolff kann op alle Fall net iwwert d'Ausso laachen: "Dofir gewënnt en net de Präis fir de beschte Witz vum Dag." Sollt de Premier sech net bei him mellen, hätt dat awer keng Suitten, d'CGFP wier e Méindeg op alle Fall bei der nächster Reunioun tëscht de Sozialpartner mat dobäi. Vläicht gëtt et jo dann eng Entschëllegung - oder vläicht awer nach e puer Witzer.

Wéi d'CGFP mëttlerweil matgedeelt huet, huet sech de Luc Frieden en Freideg an der Mëttesstonn beim Romain Wolff gemellt a sech fir seng Ausso entschëllegt. Domat wier d'Saach fir d'CGFP dann och ofgeschloss, seet eis de Max Lemmer vun der Staatsbeamtegewerkschaft.