Wéi d'Wort mellt, ass d'Urteel géint de Mann, deen um Schlammestee mam Auto a Leit gerannt ass, gefall.

D'Faite ginn zeréck op eng Nuecht am September 2022. Den deemools 21 Joer alen Ugekloten hat Sträit virun enger Disko gesicht an huet um Enn um Parking dräi Persounen express mam Auto ugestouss. Zwee vun den dräi Affer goufe liewensgeféierlech blesséiert, sinn awer net un de Suitte vum Accident gestuerwen.