Zu Déifferdeng am Parc de la Chiers
Persoun, déi fonnt gouf, konnt net méi reaniméiert ginn

© Domingos Oliveira
Am Parc de la Chiers zu Déifferdeng gouf e Sonndeg an de fréie Moiesstonnen eng Persoun gemellt, déi do géif leien.
D'Rettungsservicer waren op d'Plaz geruff ginn, an et gouf nach probéiert d'Persoun ze reaniméieren. All Hëllef koum awer ze spéit an d'Persoun gouf nach op der Plaz fir dout erkläert. Dat huet d'Police um Méindeg de Mëtteg op Nofro hi bestätegt.
Fir déi genee Ëmstänn vum Doud ze klären, gouf eng Autopsie ordonéiert. Eng Friemawierkung kéint awer ausgeschloss ginn, esou de Pressebüro vun der Police.
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
©
Domingos Oliveira
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies