Bus, deen ofgeschleeft gouf, bal vun Zuch op Barriär matgeholl

© Screenshot Video
Zu Walfer koum et am Juni zu enger geféierlecher Situatioun op engem Passage à Niveau.
Op engem Video, deen der Redaktioun um Méindeg zougespillt gouf, ass ze gesinn, wéi e Bus, deen um Hake vun enger Depanneuse hänkt, bal vun engem Zuch matgeholl gouf.
D’Barriär war schonn erof, d’rout Luuchten hu geblénkt an den Zuch koum mat héijer Vitess gefuer.
Tëschefall schonn de 16. Juni 2025
Op Nofro huet d'CFL drop higewisen, dass den Tëschefall schonn de 16. Juni 2025 war. Kuerz virun 20 Auer krut ee vun engem Automobilist gemellt, dass e Bus eng Barriär futti gemaach hätt.
Zich konnten an deem Ament och nëmmen nach mat reduzéierter Vitess op dëser Plaz fueren. Dat wier och de Grond fir Verspéidungen a Suppressiounen op dëser Stréck gewiescht.
Laang Gefierer musse besonnesch oppassen
D'CFL erënnert drun, dass laang Gefierer wéi Camionen oder Busser ëmmer mussen ofklären, ob si komplett iwwer d’Barriär kënne fueren, éier si op d'Schinne fueren.
"Wann d’rout Luuchten an den Alarm bei der Barriär blénken, gëllt: 'Stoe bleiwen!'”, esou d’CFL. De Bremswee vun engem Zuch ka bis zu 1.200 Meter laang sinn, vill ze laang, fir nach spontan ze stoppen, wann e Gefier um Gleis stoe bleift.
Duerch Barriär duerchfueren
Wéi een am Video gesäit, konnt den Depanneur d’Situatioun nach grad esou ënner Kontroll bréngen. Hien ass duerch d’Barriär gefuer, duerch déi sougenannte Sollbrochstelle konnt hie béid Gefierer nach aus der Geforenzon erausfueren.
Tëscht 2015 an 2024 goufe 769 Incidente bei enger Barriär gemellt, 45 Prozent dovunner vu professionelle Chauffeuren, esou preziséiert e Spriecher vun der Eisebunn. D’CFL betount, dass si och weiderhi sensibiliséieren.