D'Police krut eng Rei Abréch vun en Dënschdegnomëtteg bis an d'Nuecht op e Mëttwoch gemellt, dat an der Stad, zu Keel, Rëmeleng an zu Diddeleng.

Zu Rëmeleng hunn onbekannt Täter en Dënschdeg am Nomëtten an der Strooss A Wiendelen d'Fënster vun engem Auto futtigeschloen an e Rucksak mat engem Portmonni an engem Sonnebrëll geklaut.

E weidere Rucksak gouf zu Diddeleng aus engem Gefier matgeholl, dat de selwechten Dag owes an der Rue Jean Wolter. Rotschléi, fir sech virun Abréch an Autoen ze schützen, fannt Dir um Site vun der Police.

Ma et gouf och nees an Haiser an Appartementer agebrach: En Dënschdeg am Nomëtteg waren onbekannt Täter an en Haus an der Märeler Strooss an der Stad agebrach, hunn hei Raim duerchwullt an och Géigestänn matgoe gelooss.

An der Nuecht op e Mëttwoch, géint 4.30 Auer koum et dunn nach zu engem Abroch an en Appartementshaus an der Rue Notre-Dame zu Keel. D'Täter sinn hei an e Keller agebrach an hunn éischten Informatiounen no Wäifläsche matgoe gelooss.

Och fir sech virun Abréch an Haiser ze schützen, gëtt d'Police Rotschléi mat op de Wee, dës fannt Dir hei.