D'Hôpitaux Robert Schuman hunn e Mëttwoch hire Rapport d'activité 2024 publizéiert.

Zejoert goufen 61.556 Passagen an den Urgence vun den Hôpitaux Robert Schuman gezielt. Dat geet aus hirem neie Joresrapport ervir, deen e Mëttwoch publizéiert ginn ass. Dat si bal 10.000 méi Passagen an den Urgencen ewéi dat Joer virdrun. Ma iwwerhaapt huet d'Spidol all Hänn voll ze dinn.

D'Populatioun am Grand-Duché hätt sech iwwer déi lescht Jore verännert. Et géinge méi Leit ginn, déi zum Beispill just fir kuerz Zäit am Land wieren an nach keen Hausdokter hätten. Do wier wier d'Urgence dacks déi éischt Ulafstell, erkläert de Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman, den Dokter. Marc Berna.

Kuckt ee sech Aktivitéite vun de Hopitaux Robert Schuman un, esou gëtt et quasi iwwerall eng Hausse ze verzeechnen. Zum Beispill bei den Accouchementer. Och bei der Jugendpsychiatrie ass d'Limitt erreecht. Do louch den Taux d'occupation d'lescht Joer bei 98,6 Prozent. D'Aktivitéit hätt zanter der Covid-Pandemie ëmmer weider zougeholl. An dat weltwäit, esou den Dr Marc Berna.

Iwwer 26.000 IRMen goufen dann zejoert gemaach. Fir ofzeschléissen dann nach eng gutt Nouvelle: Déi duerchschnëttlech Dauer vun den Openthalter an der Klinik louch fir eng éischte Kéier ënner siwen Deeg, fir genee ze si bei 6,8 Deeg.

RTL

© Hôpitaux Robert Schuman

RTL

© Hôpitaux Robert Schuman