195 Entreprisen hunn eng Derogatioun ugefrot

© AFP
Zu Lëtzebuerg gëllt den obligatoresche Congé collectif fir de Bausecteur an d'Secteure Sanitär, Chauffage a Klimatiséierung.
Fir d'Bauentreprise geet de Congé collectif dëst Joer vum 25. Juli bis de 17. August. Fir eng Partie Aarbechte kënnen awer Derogatioune vun dësem obligatoresche Congé ugefrot ginn, zum Beispill fir Aarbechten a Schoulen, fir Reparatiounen oder Ëmbauaarbechten an Entreprisen, an deenen d'Produktioun gestoppt ass oder fir urgent Aarbechten. Dës musse vun enger spezieller Bautekommissioun unerkannt ginn.
Fir de Bau goufen 157 Demande fir eng Derogatioun agereecht, vun deenen der 145 accordéiert goufen. Et gi Kontrolle gemaach, heescht et am Schreiwes vun der ITM.
Fir d'Secteure Sanitär, Chauffage a Klimatiséierung geet de Kollektiv-Congé vum 4. bis de 24. August. Fënnef Entreprisen aus dëse Secteuren hunn eng Demande fir eng Derogatioun agereecht. Hei ass et allerdéngs net un der Bautekommissioun, fir eng Derogatioun ze accordéieren.
Iwwerdeems hunn 33 Entreprisen eng Demande agereecht, déi net vum Congé collectif concernéiert sinn.