Fir 32 Milliounen Euro entsteet ënner anerem eng Jugendherberg mat 120 Better.

Zanter gutt zwee Joer ass am Zentrum vun Huelmes ee gréissere Chantier amgaangen. De Jugendzentrum vum Service national de la jeunesse an a ronderëm d'Buerg gëtt nämlech renovéiert an ausgebaut. Esoubal sinn d'Aarbechten och nach net fäerdeg, se wäerten nämlech nach bis Enn 2028 daueren. Ma um Dënschdeg gouf awer scho mol eng Zort Tëschebilan gezunn.

Ee Facelifting fir de Jugendzentrum zu Huelmes / Marc Hoscheid

Eng wichteg Fro ass dobäi awer ouni Äntwert bliwwen, nämlech ob se zu Huelmes da lo eng Buerg oder ee Schlass oder awer eng Mëschung aus deenen zwee hunn. Ma fräi nom Motto, ob Buerg oder Schlass, Haaptsaach ee Jugendzentrum, gouf sech gefreet, datt um Site an Zukunft eng Jugendherberg mat 120 Better, déi sech op 30 Säll verdeelen, an eng 10 Reuniounssäll fir Aktivitéite vu Jonken a Formatioune vun Educateuren an Enseignanten entstoe wäerten. Et ass ee Site voller Geschicht a Geschichten, woubäi déi vun der Jugendherberg ee spezielle Bezuch zur Géigewaart huet. Den Direkter vum SNJ, Georges Metz:

"De Staat huet et 1948 kaaft an et war virgesinn als een Noutspidol. An den Dokumenter steet, d'Jugendherberge kréien et zur Verfügung gestallt, fir déi Zäit, wou et net gebraucht gëtt. Déi Zäit hate mer jo Chance, datt et net gebraucht ginn ass, mee et war effektiv een Noutspidol, et war d'Zäit vum Kale Krich."

Zanter de Site am Zentrum vun der Uertschaft renovéiert gëtt, ginn déi meescht Aktivitéite vum SNJ an der fréierer Primärschoul zu Huelmes organiséiert. D'Zesummenaarbecht mat der Gemeng Helperknapp gouf dann och gelueft. Och de Buergermeeschter Paul Mangen weist sech zefridden an erwaart sech eng Plus-value vum Projet.

"Eleng d'Visibilitéit vun der Gemeng gëtt duerch esou Sitte jo ganz anescht, mir hu jo schonn de Mariendall, mir hunn ënnen dat grousst Schlass. Et ass jo awer flott fir eng Gemeng, wann eng Visibilitéit do ass. Ech mengen och fir eise Commerce, wann ech sou kucken um touristesche Plang, wat eis Restauratiounen hierginn, wat eis kleng Bistroen hierginn, och hei zu Huelmes, mir si frou, datt mer ee Bistro hunn, wou mer eis gesinn, wou mer kënne Liewe maachen."

D'Aktivitéiten, déi den SNJ zu Huelmes organiséiert, sti ganz am Zeeche vun engem nohaltegen Ëmgank mat der Natur. D'Käschte vun der Renovatioun an dem Ausbau ginn an éischter Linn vum Ministère vun den Travaux publics gedroen a belafe sech op eng 32 Milliounen Euro.

Am Kader vun den Aarbechte goufen iwwerdeems eng Partie archeologesch Entdeckunge gemaach. Sou gouf zum Beispill am Haff eng al Bréck fonnt, déi dem Public spéider och zougänglech gemaach wäert ginn.