Ursprong vun de Legionellose-Fäll nach ëmmer onbekannt

Och wann d’Gemeng Stengefort e Méindeg Entwarnung ginn huet, ass d’Rätsel ëm déi rezent Legionellose-Fäll nach ëmmer net geléist.
Virun zwou Woche goufen am Raum Stengefort 7 Fäll vu Legionellose gemellt, 3 dovunner haten sech am Stengeforter Spidol opgehalen.
Nodeems d’Gemeng Stengefort dëse Méindeg schonn Entwarnung ginn huet, well d’Anaysen am Drénkwaassernetz an an den zwee Reservoire vu Stengefort a Klengbetten negativ waren, huet de Gesondheetsministère elo op RTL-Nofro weider Prezisioune ginn.
An der Tëschenzäit gouf nach en 8. Fall vu Legionellose am Raum Stengefort confirméiert. Déi betraffe Persounen, déi sech am interkommunale Spidol opgehalen hunn, wieren um Wee vun der Besserung, esou den aktuellen Informatiounsstand vum Gesondheetsministère.
Den Ursprong vun dëser Epidemie ass nach ëmmer onbekannt, dofir géif d’Enquête vun der Inspection Sanitaire och nach viru goen.