E Mëttwochnomëtteg ass et zu engem gréissere Probleem bei der Post komm. Géint 20.15 Auer huet d'Post da gréisstendeels Entwarnung ginn.

Géint 16.30 Auer huet d'Post op hirem Facebook-Kont matgedeelt, dass esouwuel den Internetsite "post.lu" ewéi och de "Contact Center" net erreechbar wieren.

Iwwerdeems hunn eng Partie Leit sech bei RTL gemellt, fir matzedeelen, dass si och Probleemer mam Handysreseau hätten, a keng aner Leit kéinten uruffen. Och Post-Clienten, déi am Ausland sinn, hu sech bei RTL gemellt, fir Bescheed ze soen, dass d'Servicer vun der Post net funktionéieren.

Géint 19.30 Auer hu sech dann déi éischt User gemellt, fir ze soen, dass d'Servicer vun der Post nees géinge funktionéieren. Och den Internetsite vun der Post ass zanterdeem nees ze erreechen.

Um 20.15 Auer huet dann och d'Post offiziell Entwarnung ginn. D'Servicer géifen no an no nees hir normal Funktioun ophuelen. D'Absolut Prioritéit hätt dorop geleeën, sécherzestellen, dass d'Clienten nees d'Noutfallservicer kéinte kontaktéieren. Dat klappt dann och nees am ganze Land. D'technesch Ekippe vun der Post sinn den Ament weiderhin am Asaz, fir alleguerten d'Servicer nees un d'Goen ze kréien.

Ronn eng Stonn méi spéit huet d'Cellule de crise matgedeelt, datt d'Situatioun sech géint 20 Auer nees stabiliséiert huet an d'Urgencennummere vum 112 an 113 nees komplett accessibel sinn. Dem Schreiwes no schaffen d'Mataarbechter vun der Post drun, fir erauszefannen, wéi et zu dëser Pann konnt kommen. Och beim Personal vum CGDIS a vun der Police normaliséiert sech d'Situatioun nees, heescht et weider.

Weider heescht et am Schreiwes vun den Autoritéiten, datt opgefall wier, datt d'Clientë vun der Post d'Meldunge vum LU-Alert mat engem Retard kritt hätten.

Och d'Police huet um 21.43 Auer matgedeelt, datt hir Servicer nees normal géife funktionéieren. D'Leit solle sech dowéinst och nees um 113 mellen an net op de Plazen, déi wéinst dem Ausfall bei der Post extra en place gesat goufen.

Alleguer d'Servicer vun der Post betraff

Kuerz virun 18 Auer hat d'Post matgedeelt, dass et e gréisseren Incident géif, an eng ganz Partie Servicer net géife funktionéieren. Dorënner de fixen an de mobille Reseau, de Verkafsreseau, de Kontakt-Zenter, d'Internetsitten, d'mobil Applikatiounen an den Online-Banking "eboo".

Déi technesch Ekippe goufen an den Asaz geruff, fir de Probleem ze léisen.

Techneschen Incident als Ausléiser

En Donneschdegmoien huet d'Post dann éischt Informatiounen iwwert de Grond vun der Panne ginn. Deemno wier en techneschen Incident fir d'Perturbatiounen e Mëttwoch responsabel gewiescht. Weider Detailer wëll d'Post dann an engem Point Presse um 11 Auer en Donneschdeg matdeelen.

De Ministre de tutelle vun der Post, de Lex Delles huet géint 8.45 Auer en Donneschdeg an engem kuerzen Interview um Radio 100,7 weider Detailer genannt. D'Post hätt d'Situatioun déi ganz Nuecht duerch weider suivéiert. Aktuell hätt een erausfonnt, dass en technesche Probleem dozou gefouert huet, dass déi zwee Haapt-Serveren, iwwert déi de 5G zu Lëtzebuerg leeft, e Software-Probleem haten.

De Fait, dass d'5G-Netz ausgefall ass, hätt dann och Implicatiounen op d'Telefonéiere gehat. D'Telefonsnetz wier wuel nach iwwert den 2G gelaf. Mä déi Reseaue wieren iwwerlaascht gewiescht, wat zu Probleemer mat den Telefonen an anere Saache geféiert hätt.

De Minister huet dann och matgedeelt, dass een eng Cyberattack als Grond fir den technesche Probleem den Ament nach net kéint definitiv ausschléissen.

D'Servicer vun der Post géifen antëscht nees alleguer funktionéieren, esou de Minister nach.

CGDIS, Police a CNS net aus dem Post-Reseau erreechbar

De CGDIS hat dann och op Facebook matgedeelt, dass et Schwieregkeete géif, fir den 112 aus dem Netz vun der Post ze erreechen. Wien eng Urgence hätt, sollt selwer an d'Spidol fueren. Dës Problematik war awer no 20 Auer geléist.

Iwwerdeems goufen alleguer d'Kasären am Land mat Leit besat. Stand 19 Auer waren dräi Véierel vun de Kasäre besat. Um 19.30 Auer waren dann alleguer d'Kasäre besat. D'Leit krute geroden, an engem Noutfall an déi nächst besate Kasär ze goen. Vun do aus konnten d'Leit vum CGDIS da via Funk Kontakt mat de Spideeler ophuelen.

De CGDIS huet wärend dem Incident no engem Noutfallplang funktionéiert, deen eegens fir eng Situatioun ewéi déi vun e Mëttwoch ausgeschafft gouf.

An den Hôpitaux Robert Schuman um Kierchbierg hunn de reguläre Spidolsbetrib an d'Urgence normal funktionéiert, hat et iwwerdeems op Nofro vun den HRS geheescht. Och am Spidol zu Esch gouf et keng Aschränkunge fir d'Patienten, esou eng Spriecherin op Nofro. An den Urgencen hätt een och elo näischt gemierkt, dass méi oder manner Patiente komm wieren.

Vum Service "Hëllef Doheem" ass et d'Noriicht, dass den Tele-Alarm net funktionéiert. Hei gëllen déi nämmlecht Consignen ewéi beim CGDIS.

Vun der Police hat et op Nofro geheescht, dass een och net aus dem Reseau vun der Post erreechbar wier. Och hei hat een der Populatioun Alternativen ugebueden.

D'Gesondheetskeess war wärend dem Tëschefall net aus dem Post-Resau erreechbar, an och vun der Bunn krute mir op Nofro hi Problemer gemellt. De Betrib vun de Voyageurs-Zich war zwar net betraff, an déi intern kritisch Systemer hu weider funktionnéiert, och wann dës net iwwert Internet accessibel waren, mä d'Pann hat awer en Impakt op den automateschen Austosch vun Informatiounen a Webapplikatiounen. Dës konnten duerch den Asatz vun „procédures dégradées“ limitiéiert ginn. Déi technesch Panne hat och Auswierkungen op de fixen Telefonsréseau vun der CFL, wéi och op den Accès op ënnerschiddlech duerch Internet accessibel Appliaktiounen. D’CFL verdéiwen d’Analyse vum Impakt vun der teschnescher Pann.

Kuerz no 20 Auer waren och d’Sitte vun der Luxair nees operationell an et ass nees alles normal gelaf. Ënnert dem Stréch huet den Ausfall bei der Post bei der nationaler Airline zu der Annulatioun vun engem Retour op Lëtzebuerg an zu e puer Verspéidungen um Findel gefouert.

Kuerz no Hallefnuecht huet d'Post matgedeelt, datt si fréistens en Donneschdeg am Laf vum Dag eppes iwwer d'Ursaach vun der Pann ka soen.