All CGDIS-Kasäre ware besat um Mëttwoch den Owend
Am RTL-Journal konnt RTL mam Michel Demuth, Responsabel vum operative Geschäft beim CDGIS, iwwer dës Pann schwätzen.
De Michel Demuth sot, datt et um 17 Auer lassgaange wier. Et wier just d'Post, där hire Reseau net méi den 112 kéint uruffen.
Zenario Noutfallplang
Déi éischt Mesure war fir den CGO, de Centre de gestion d' operation, opzemaachen, fir Personal dohinner ze kréien. Intern gouf de Leit Bescheed gesot, fir dass si da sech an de Kasären eebe bereet halen, falls d' Leit géifen dohinner kommen, fir dass si dann och en charge kënne geholl ginn.
Wat soll ee maachen am Noutfall?
"Dat Éischt, wat ee maache kann, ass en anere Provider ze huelen, wann der dann net un ee kommt, da probéiert, wann et nach geet, mat där Persoun, déi an d'Spidol muss, déi, déi Urgence huet, an d'Spidol selwer ze fueren a wann der e Feier oder eppes aneres gemellt hutt.
Mir hunn och alleguerten eise Kasäre gesot, si sollen hire sougenannte Poste fixe, also déi lokal Zentral, besetzen. Da kënnt dir och do bei d'Kasär schelle goen an da misst do e Pompjee opmaachen an deen huet da Funkverbindung op den 112 a kënnt dann och un eis."
Wéinst Probleemer bei der Post war et net evident, fir direkt un all d'Personal vum CGDIS ze kommen. Dofir waren um 19 Auer 75 Prozent vun de Kasäre besat. Eng hallef Stonn méi spéit ware se awer komplett besat.
Géint 20 Auer war kloer, datt d'Servicer vun der Post sech erkritt haten. Um 20.15 Auer koum déi offiziell Entwarnung. Et kann een den 112 (an den 113) nees iwwer de Reseau vun der Post erreechen.