750 Kanner am Alter tëscht 8 an 11 Joer aus dem ganze Land kommen dës Woch fir e ganz besonnesche Camp zu Stroossen beieneen.

Scoutscamp Mystaria / Reportage: Carla Schuller

Eng Woch laang Natur, Aventure an Zelt-Liewen an enger magescher Welt: Um nationale Wëllefcherscamp "Mystaria" vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute kommen dës Woch ronn 750 Kanner am Alter tëscht 8 an 11 Joer aus dem ganze Land zu Stroossen zesummen.

De Scoutscamp "Mystaria" zu Stroossen
Eng magesch Welt voller Aventuren a fantastesche Wiesen

Si erliewen e ganz besonnesche Scoutscamp: "Mystaria", eng magesch Welt voller Aventuren a fantastesche Wiesen. Mat Aktivitéiten an Zesummenaarbecht sollen d’Kanner eng ganz bestëmmt Missioun erfëllen, erkläert eng vun de Responsabele vum Programm, d'Jackie Appel:

"D'Iddi hannert eisem Camp ass am Fong, d'Kanner aus dem ganze Land zesummen ze kréien, fir mat hinnen e flotte Programm ze maachen, dass mer an eng magesch Welt vum "Mystaria" gelant sinn. An d'Portal fir zréck an déi normal Welt ass futti gaangen. Dat heescht, d'Kanner sammelen iwwert déi éischt véier Deeg Portal-Stécker, Stécker vum Stroumkabel vum Portal, fir dass si dat Ganzt rëm gefléckt kréien a kënnen zum Schluss vum Camp heemkommen."

Zesumme mam Staff an de Benevolle si méi ewéi 1.000 Leit um Camp. All Dag stinn Atelieren, Sport a Musek um Programm. Och Ausflich gi gemaach:

"Genau, hei hu mer och e puer Sortien, déi zum Beispill op de Bornhaff ginn oder bei Co-Laborateuren an de Gaart schaffe ginn, well mer vun der Oeuvre duerch de Sponsoring gesot hunn, mir wéilten de Kanner och e bësse Wäerter vun enger gesonder Ernärung mat op de Wee ginn an dass se léieren, vu wou kënnt eist Iessen hier."

Esou en Event hätt och e wichtegen Afloss op d’Kanner, erkläert de Fränk Prim, vun de Guiden a Scouten:

"Dat Wichtegst, wat ech ëmmer soen ass, dass wann d'Gruppen normal op de Camp ginn, da gi se jo an hirer Bubble op de Camp an hei ass awer d'Méiglechkeet, dass se 750 aner Kanner kenneléieren, mat deenen se halt Aktivitéite maachen, zesummen iessen, zesumme spillen an einfach Mol probéieren, sech selwer weiderzëentwéckelen a wat net onbedéngt drëms geet, dee Beschten ze sinn, mee einfach zesumme Spaass ze hunn. Ech denken, besonnesch, wat een halt mierkt, dass d'Kanner haut vill méi sou aus sech erauskommen, méi aktiv sinn, méi kommunizéiere mateneen. En Handy gëtt et hei net, et gëtt kee Stroum am Zelt."

Bei de Kanner kënnt de Scoutscamp gutt un:

"Et gefält mer ganz, ganz vill. Ech si ganz frou, hei mat de Scouten um Camp ze sinn."
"Et ass ganz gutt, awer am Zelt sténkt et."
"Et ass mega cool. An ech fannen, déi Cheffe si ganz léif."
"Et kann ee vill nei Kanner kenneléieren."
“Et ass nach eng Kéier eppes aneres, well et jo den nationale Wëllefcherscamp ass. Eigentlech fannen ech et ganz flott bis elo an et si flott Aktivitéiten."
"Also de kreativen Dag vun haut gefält mer ganz gutt."
"Ech freeë mech op alles."

Mat regionalem a saisonalem Iesse gëtt de Kanner méi iwwer d'Nohaltegkeet bäibruecht. Dat, wat ze vill ass, gëtt gespent.

De Samschden war iwwerdeems e Visiteursdag mat Iesse, Gedrénks an Aktivitéiten. Et kann ee sech e Bild dovu maachen, wat d’Kanner déi ganz Woch gemaach hunn.

Wien elo Interessi un de Lëtzebuerger Guiden a Scoute krut, ka sech hei fir déi verschidde Gruppen umellen.