Buergermeeschter, Coiffer oder Polizist an der eegener Stad ginn an dat nach am ganz jonken Alter: Dat konnte Kanner zu Mini-Lënster erliewen.

Dëst Joer war et rëm souwäit an et konnte Kanner aus dem ganze Land bis op Jonglënster kommen, fir an der Modellstad matzemaachen. 
 
Fir déi 8. Kéier schonn erwächt hei déi kleng, dynamesch Stad Mini-Lënster. Fir 2 Wochen hate Kanner am Alter vu 6-14 Joer d’Roll vun aarbechtsflichtege Biergerinnen ugeholl an hunn dierfen aktiv un Evenementer deelhuelen, déi hinnen an hirem normalen Alldag nach net zougänglech sinn.

RTL

© Tristan Retourne

Charlie Schmitt, Responble d’activités pédagogiques Lënster Paiperleck A.S.B.L: "An der Spillstad probéiere mer, de Kanner all Méiglechkeeten opzeloossen. Natierlech Grenze si Sécherheet. Awer an de Beräicher probéiere mer kee Kader ze setzen, mee si solle quasi fräi kënnen hir Iddien erabréngen, entwéckelen."
 
Den éischte Schrëtt deen d’Kanner maache mussen, wa se zu Mini-Lënster ukommen ass eng Passfoto maachen an da kënne si sech beim Zenter „Job oder Flopp“ eng Aarbechtsplaz eraussichen. Wa si da bis schaffen, kréien d’Mini-Schafferten eng ganz speziell Wärung:

"Si kréie quasi pro Stonn hir 7 Lenstoen a mat deene Sue kënne se quasi direkt hei niewendrun eppes kafe fir ze  iessen oder an de Sport goen, si kënnen eppes kafen am Supermarché.", sou d'Charlie Schmitt weider.
 
Ma och am nogebaute Supermarché gëtt ee vu Mini-Lënster Aarbechterinne bedéngt.

"Ech muss hei Security maachen, wann iergendeen eppes klaut, da muss ech him et soen a wann hie fortleeft, da muss ech bei d’Police goen, fir Bescheed ze soen."
 
"Mir mussen hei duerch d’Géigend goen, fir ze kucken datt alles riicht leeft, datt näischt geklaut gëtt oder engem wéigedoe gëtt."
 
Och d’Demokratie-Erfarung gëtt zu Mini-Lënster groussgeschriwwen: D’Kanner kënne sech als Kandidaten opstelle loossen an aktiv politesch matmaachen. De Mini-Schäfferot, deen déi éischt Woch gewielt gëtt, huet dann och direkt säin éischte groussen Optrag.

Ben Ries, Buergermeeschter vu Jonglënster : "E Mëttwoch hu mer d’Inauguratioun vun eisem Pubtrac direkt hei niewendrun an do huet den aktuelle Gemengerot vu Lënster och den zukünftege Gemengerot vu Mini-Lënster agelueden, fir do matzemaachen."

Fir déi Jonk vu Mini-Lënster ass et also net nëmmen eng Spillstad – mee eng Plaz, wou si hir Iddie kënne liewen a schonn am jonken Alter en Abléck an hir Zukunft kréien.