Am Laf vum Mëttwochowend respektiv Donneschdegmoie goufen d'Ekippe vum CGDIS véier Mol an den Asaz geruff.

Um 18.35 Auer waren d'Pompjeeë vu Bartreng, aus der Stad, vun Hesper, Mamer a Jonglënster wéinst engem Feier an enger Kichen an de Rollenger Gronn geruff ginn. D'Ambulancieren an den Noutdokter vum Samu aus der Stad hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Ronn 10 Minutte méi spéit krut dann en Auto tëscht dem Tunnel Micheville an Däitsch-Oth e Moto ze paken. Eng Persoun gouf hei blesséiert. Nieft den Ambulancieren an dem Samusdokter vun Esch waren hei och d'Pompjeeë vun Esch a Monnerech op der Plaz.

Eng weider Persoun gouf da blesséiert, wéi en Auto am Rollenger Gronn accidentéiert ass. D'Pompjeeë vun Hesper an d'Ambulancieren aus der Stad waren hei am Asaz.

Um 9.43 Auer en Donneschdegmoien ass dann en Auto um CR132 tëscht Bruch a Bech an en Obstakel gerannt. D'Ambulanciere vun Iechternach hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert. Och d'Pompjeeë vu Konsdref waren op der Plaz.