Viru bal genee engem Joer ass public ginn, datt bei der Caritas 61 Milliounen Euro verontreit goufen.

Et huet séier misse gehandelt ginn an déi national Aktivitéite vun der Caritas si vun der neier Organisatioun HUT- Hëllef um Terrain - gréisstendeels iwwerholl ginn. Wéi sinn d’Aktivitéite bei HUT ugelaf, enger Organisatioun, déi aus engem Skandal eraus entstanen ass?

D'Claudia Monti iwwert de Start vun HUT / Céline Eischen

Si wier gutt beschäftegt, well et wier vill Aarbecht, seet d’Claudia Monti. Si ass zanter Abrëll Presidentin vun "HUT Hëllef um Terrain". Et wier een elo amgaangen, sech een neien Organigramm ze ginn a Prozeduren auszeschaffen. HUT wier op Schierbelen opgebaut ginn an d’Leit géifen dem Secteur manner vertrauen:
 
"Den Haapt-Challenge ass wierklech d’Vertrauen erëmzekréien, an dat och esou wäit ze hunn, dass och all eis Projeten ënnerstëtzt ginn. Dass mer dat als ee Winning Team kënne maachen am Interêt vun de Leit. Do hu mer eis och obligéiert, de Leit dann ze soen: 'hei maache mir dat, dat gitt der dann och gewuer.' Et ass déi eenzeg Méiglechkeet, déi s de hues, fir d’Vertraue vun de Leit ze kréien, dass de esou transparent bass ewéi et geet."
 
Och beim Ausschaffe vun de Konventioune mat de Ministèrë sinn d’Kontrolle méi streng ginn:
 
"Mir ginn extrem kontrolléiert, mir musse ganz präzis Projeten eraginn. Also et ass net esou: mir kommen dohinner an et ass: 'Wuah cool, dir kritt alles wat dir frot.' Et ass schonn, datt s de dat beweise muss, mat engem gudde Plang strukturéiert kommen, ech fannen et och normal, ech verstinn et och."
 
Jidderee wier frou gewiescht, datt et viru gaange wier, sief dat déi betraffe Mataarbechter oder d'Leit déi Hëllef kréien. Et wier een aus enger "Schockstarre" erauskomm, an hätt relativ séier eng gutt Transitioun fäerdegbruecht.
 
HUT huet gréisstendeels déi national Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl. Dozou gehéieren zum Beispill virop d’Gestioun vu Sozialwunnengen, d’Ënnerstëtzung vu Leit, déi Hëllef brauchen, vu Flüchtlingen, an den Accompagnement vu vulnerabele Famillen. HUT kooperéiert och mat der Kleederspënnchen a mat der Wanteraktioun. Déi international Aktivitéite goufen net iwwerholl,  do wier der Claudia Monti no keng Volontéit gewiescht, fir déi ze finanzéieren.
 
Et wier eng wichteg a gutt Aarbecht, déi vun de Leit bei HUT géif gemaach ginn. D’Claudia Monti gëtt awer och ze bedenken, dass de Start net einfach war, dat virop op engem perséinlechen Niveau:
 
"Also et ass am Ufank wierklech nëmmen, vu gewëssene Leit, alles schlecht geriet ginn, wat den HUT ubelaangt, an och déi Leit déi Membres Fondateurs sinn, respektiv déi Leit, déi iwwerholl hunn, sinn och perséinlech attackéiert ginn. Wann dat elo ass, dass de gesot kriss du géifs zu engem gewëssene Frëndeskrees gehéieren, an du géifs zu deenen oberen 10.000 gehéieren an du häss keng Anung vu Sozial Aarbecht, huet mech dat perséinlech extrem blesséiert."
 
Déi fréier Ombudsman präziséiert, datt si ëmmer op wier fir konstruktiv Kritik. Si géif verstoen, datt et keng einfach Situatioun gewiescht wier, mee et hätt séier misste gehandelt ginn. Si hätt sech gefreet wann HUT méi positiv ënnerstëtzt gi wier.
 
D’Mataarbechter déi vun der Caritas iwwerholl goufen, hätten der Claudia Monti hire ganze Respekt, well se trotz Kriticken a vill Ongewëssheet ëmmer viru geschafft hätten. Dat wier och fir si keng einfach Situatioun gewiescht.

Kuckt hei de kompletten Interview mat der Claudia Monti