Provisorescht Fuerverbuet
Hannert dem Steier op enger Police-Parkplaz ageschlof

© RTL
En Donneschdegmoien ass eng Patrull vun der Police op e Gefier am Garer Quartier an der Stad opmierksam ginn.
Dat, well dëst op enger Parkplaz stoung, déi eigentlech fir Police-Gefierer geduecht ass. De Chauffer war iwwerdeems hannert dem Steier ageschlof. Et huet dann och e puer Versich gebraucht, bis d'Polizisten de Mann erwächt kruten.
Dësen huet sech allerdéngs geweigert, d'Autosfënster opzemaachen an ass iwwert eng Busspuer an duerch eng Rout Luucht fortgefuer. Hie konnt allerdéngs méi spéit gestoppt ginn. Den Alkoholtest huet e positiivt Resultat ugewisen an deementspriechend gouf e provisorescht Fuerverbuet verhaangen.
Am meeschte gelies