Accident op der N13 zu Éileng

© Domingos Oliveira - rtl.lu
En Donneschdeg am fréie Nomëtte krute sech op der Dräikantonsstrooss zu Éileng op der Mess zwee Gefierer ze paken.
Duerch de staarken Opprall ass u béide Gefierer héije Materialschued entstanen. Wärend d'N13 am Beräich vum Accident zäitweis gespaart war, gouf eng Persoun mat der Ambulanz an d'Spidol gefouert. D'Police huet de Verkéier gereegelt, bis d'Depanneusen op der Plaz waren.

© Domingos Oliveira - rtl.lu
En Donneschdeg de Moie war dann och nach um CR103 tëscht Kielen an Ollem een Auto accidentéiert. D'Pompjeeë vu Kielen a Mamer, sou wéi d'Ambulanz an de Samu aus der Stad waren op der Plaz, fir der blesséierter Persoun ze hëllefen.