De Jeff Müller ass dee beschte Schüler am General. Informatik wëll de jonke Mann op München studéiere goen.

Well do sinn d'Bierger an et ass eng flott Plaz, fir am Wanter Schi ze fueren. 
 
Mat 55/60 huet de Jeff Müller seng Première op General dëst Joer gepackt. "Kuck sou gutt, wéi et geet". Dëst hat de jonke Mann vun 19 Joer sech virgeholl. Op der Ingenieurssektioun vum Iechternacher Lycée war de Jeff. "Virun allem Mathé, Chimie a Physik sinn d'Haaptfächer op där Sektioun". Esou den Ex-Premièresschüler am RTL-Interview. "Ech gi gär Pilot". Sou sot Müllesch Jeff deemools op 5ième, wéi et drëms goung, sech fir eng Sektioun z'orientéieren. Deen Ament huet och d'Interessi um selwer programméieren ugefaangen. "Et schreift een am Fong eppes an de Computer. Dat ass wierklech Text, Text, Text. Dann dréckt een op Start. Da geet héchstwarscheinlech näischt. Da muss een nach eemol e bëssi schreiwen an da geet et". 

 
"Informatik huet mech scho méi ganzt Liewen interesséiert". Dëst erzielt mir de Jeff Müller wärend eisem Gespréich zu Bettel. Do, wou hien zesumme mat senger Famill wunnt. A senger Fräizäit programméiert de jonke Mann och ganz gären. "Wéi ee Brécke baut, dëst hunn ech elo genuch am Cours gesinn. Dat geet elo duer". Sou den zukünftegen Informatiksstudent. Zu München wéilt hien elo am léifste säi Studium ufänken. 
 
De Jeff Müller huet sech ëmmer fir all Prüfung preparéiert. "Dat war schonn eng gutt Virbereedung fir den Examen am Mee. Wärend der Ouschtervakanz hunn ech dunn nach eemol duerchgedréckt". "Ech hu vill geléiert. Et huet mech awer och interesséiert dofir ass vill setze bliwwen". Sou de Jeff Müller am RTL-Interview.