Ëmmer nees kënnt et vir, datt Kanner net ugeholl ginn

© Anne Wolff (Archiv)
Bis 2030 soll all Kand eng Plaz an enger Accueil-Struktur kréien. Esou steet et am Koalitiounsaccord vun der CSV-DP-Regierung.
Esou ass et elo och enger Famill vu Kënzeg gaangen. Virun enger gudder Woch koum de Refus vun der Maison relais, béid Eltere schaffe Vollzäit a sichen elo dréngend no enger anerer Léisung fir hiert fënnef Joer aalt Kand, erkläert de Papp.
"Et ass och esou, mir hu lo hei guer keng aner Alternativ fir eist Kand an de Mëttegpausen, méindes, mëttwochs a freides ënnerzekréien, well et gëtt kee Foyer du Jour, et gëtt hei näischt an deem Eck do. Dann ass et och nach esou, datt zu Kënzeg d’Schoul dënschdes an donneschdes schonn um 11.25 Auer fäerdeg ass. Dat heescht, et bréngt ee säi Kand em 8 Auer an d’Schoul an em 11h25 ass d‘Schoul scho rëm fäerdeg. Dat ass onméiglech, fir Elteren, déi eng ganz Tâche schaffen."
Vun der Gemeng oder vun der Maison relais wier do null Flexibilitéit, kritiséiert de Familljepapp vu Kënzeg:
"Dann ass eis do och zu Ouere komm, datt verschidden Elteren en Accord fir d’Maison relais kruten, wou en Elterendeel awer juste en Temps partiel hat, dat heescht, déi hu keng 100 Prozent Tâche, wou se schaffen. An do stellt sech dann d’Fro, ob et iwwerhaapt Krittäre vun der Gemeng ginn."
Krittäre ginn et. Fir genee ze sinn, véier prioritär Krittären, wéi d’Gemeng Käerjeng op Nofro hi präziséiert. Op deem Wee soll dofir gesuergt ginn, datt déi Leit, déi am meeschten drop ugewise sinn, prioritär eng Plaz an der Maison relais kréien. Si kéinten awer net méi Kanner unhuelen, wéi Plazen do sinn, esou de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter an enger schrëftlecher Äntwert.
Bis de 15. September kéint sech awer nach immens vill ännere bei den Inscriptiounen an et kéinten eventuell nach Plaze fräiginn. Viru kuerzem wier iwwerdeems eng nei Maison relais zu Käerjeng opgaangen fir maximal 200 Kanner. Aktuell géing och un enger Extensioun vun der Maison relais zu Kënzeg geschafft ginn, déi soll fir d’Rentrée 2026 fäerdeg ginn, esou de Buergermeeschter. En attendant wier déi fréier Infirmerie an der Schoul ëmgebaut ginn. Domat kéint ee weider 20 Kanner vun dëser Rentrée un ophuelen. Hei géing een awer nach op den Agrement vum zoustännege Ministère waarden.
Kënzeg ass ee Beispill vu villen. Och zu Schëffleng, Miersch a Jonglënster ginn et aktuell laang Waardelëschten, fir eng Plaz an der Maison relais ze kréien. Dem Gilles Dahmen vum Educatiounsministère no kann een awer net vun engem generelle Plazmanktem an alle Maison relaisen uechtert d’Land schwätzen.
"National gesinn ass et esou, datt eigentlech d’Offer d’Demande iwwerschreit an do ginn et awer natierlech och nach lokal oder regional Plazen, wou d’Demande nach méi grouss ass, wéi d’Offer, an do ass et natierlech un eis an awer och mat de Gemengen ze kucken, déi Finanzéierungsmechanismen haaptsächlech unzebidden, fir datt se séier méi Plaz kënnen en place setzen, fir datt d’Elteren an haaptsächlech d’Kanner kënnen dovunner profitéieren."
Hei wier ee kollektiven Effort gefrot vum Staat a vun de Gemengen esou wéi vun de konventionéierten a kommerziellen Träger. Do wier ee schonn iwwer Joren am permanenten Austausch. Aktuell géing een och grad un enger Chèque service-Reform schaffen.
Déi Reform soll am Hierscht presentéiert ginn, heescht et nach aus dem Educatiounsministère.