Et gouf iwwer Sécherheet, erneierbar Energien an d'Ekonomie geschwat

© SIP / Emmanuel Claude
Bei der Entrevue tëscht béide Regierungscheffe goung et ëm d'Sécherheet, d'erneierbar Energien an d'Ekonomie.
"Mir haten e ganz intensiven Aarbechtsmeeting!" Dat sot de Premier Luc Frieden en Donneschdeg am fréien Owend, nodeems hie knapp zwou Stonne mat sengem ireschen Homolog Micheál Martin um Sennenger Schlass zesumme war.
Ëmmerhin dierften d'Gespréicher net ze vill kontrovers gewiescht sinn, well Lëtzebuerg an Irland léiche bei ville Sujeten op enger Linn, esou de Luc Frieden. Zum Beispill op bilateralem Niveau, wou Irland a Lëtzebuerg driwwer diskutéiert hunn, wéi een d'Zesummenaarbecht am Beräich vun den erneierbaren Energie ka verbesseren oder eventuell am Secteur vun der Verdeedegung kann zesummeschaffen.
Et goung an der Entrevue mam iresche Premier - oder dem "Taoiseach" wéi een an Irland seet - zum Beispill och ëm d'Fro, wéi een déi europäesch Ekonomie fir d'Zukunft soll positionéieren. Et war ee sech eens, datt Europa méi kompetitiv muss ginn, zum Beispill andeems de Bannemaart gestäerkt gëtt, huet de Micheál Martin ënnerstrach. Grad an Zäiten, an deene vill iwwert Douanestaxe geschwat a verhandelt gëtt, wiere Kompetitivitéit a Resilienz enorm wichteg.
Bis den éischten August bleift Zäit, en Accord tëschent der EU an den USA ze fannen. Den iresche Premier sot, hie géif hoffen, datt et méiglech ass, sech bis dohinner eens ze ginn, soss wieren d'USA, Europa an d'ganz Welt an enger schlechter Situatioun. En Handelskrich géif ganz vill Schued maachen an hätt eescht Auswierkungen op d'Wirtschaft an d'Gesellschaft. Europa hätt an esou Froen ëmmer op Verhandlunge gesat an dat wier dowéinst och hei dee Wee, deen ee wéilt goen.
Op d'Fro hin, ob et aus Lëtzebuerger Vue Limitte gëtt, sot de Luc Frieden, datt een tëschent Frënn a Partner keng Rout Linne sollt hunn, allerdéngs misst een dem Verhandlungspartner och ze verstoe ginn, datt deen net alles kéint maachen, wat dee wéilt.
No der Pressekonferenz zu Senneng huet de Luc Frieden sengem ireschen Homolog Iechternach gewisen, well den hellege Willibrord ëm 698 aus Irland op Iechternach koum.