Zu Ierpeldeng gëtt den 23. November ee Referendum organiséiert

© Marc Hoscheid
Den 23. November decidéieren d’Bierger vun Ierpeldeng-Sauer an engem Referendum, ob hir Gemeng weider u Gespréicher fir eng Nordstadfusioun deelhuele soll.
Dat huet den Ierpeldenger Gemengerot den Owend mat 8 Jo- an enger Nee-Stëmm entscheet. Am Virfeld vum Referendum sollen Informatiounsversammlungen organiséiert ginn.
Kuerz virdrun hat sech schonn eng Majoritéit vum Conseil dofir ausgeschwat, datt d’Sondéierunge weiderlafe sollen. Dee Vott war denkbar knapp ausgefall, 4 Conseillere waren dofir, 4 dogéint an een hat sech enthalen. Well et virun zwou Woche schonn eng Kéier zu där selweschter Situatioun komm war, huet dem Buergermeeschter Claude Gleis seng Stëmm dës Kéier duebel gezielt.
Dee Vott erlaabt et den Aarbechtsgruppen, déi konkret Propose mat Bléck op d’Nordstadfusioun ausschaffe sollen, mat hirer Aarbecht virunzefueren.
Sollt beim Referendum am November eng Majoritéit vun den Ierpeldener Leit fir ee Weiderféiere vun de Gespréicher stëmmen, wäert 2027 ee Referendum an deene 4 Nordstadgemengen Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren organiséiert ginn.
Déi genee Fro, déi den 23. November beim Referendum gestallt wäert ginn, ass dës:
Ënnerstëtzt Dir d’Decisioun vum Ierpeldenger Gemengerot, d’Sondéierungsgespréicher fir eng eventuell Fusioun mat de Gemengen Dikrich, Ettelbréck a Schieren weiderzeféieren?