Aarbechten op der Gare zu Bierchem hunn ugefaangen
Wärend der Summervakanz gëtt de Bâtiment Voyageur op der Gare zu Bierchem ofgerappt.
Eng Mesure, déi Deel ass vun engem gréissere Moderniséierungsprojet, deen drop ausgeriicht ass, d'Gare un déi aktuell Normen an Ufuerderungen unzepassen, esou d'CFL op Nofro.
De Projet gesäit ënner anerem vir, dass de Quai méi breet a méi laang gëtt. D'Zil ass eng besser Accessibilitéit fir all Passagéier.
E wichtege Bestanddeel vum Projet wier och den Neibau vum ënnerierdesche Passage, deen den Zougang tëscht de verschiddene Quaien erliichtert. Dëse Passage kritt méi Plaz, gëtt souwuel fir Foussgänger wéi och fir Vëlosfuerer konzipéiert a mat Lifter equipéiert, fir eng inklusiv Notzung ze garantéieren, esou e Spriecher vun der Bunn.
Alt Gebai gëtt ofgerappt
Well eng vun de Rampe vum neie Souterrain op der Plaz vum haitege Bâtiment Voyageur geplangt ass, gëtt dëst ofgerappt. D'Gebai gëtt elo am Summer ofgerappt. Well d'Streck an der Vakanz gespaart ass, wieren d'Aarbechten och méi einfach ëmzesetzen.