Am Garer Quartier
Iwwerfall an der Rue du Fort Neipperg

© RTL
En Donneschdegnomëtteg krut d'Police en Iwwerfall an der Rue du Fort Neipperg an der Stad gemellt.
Éischten Informatiounen no hat den Täter hei säin Affer op de Buedem geheit an him duerno d'Posch geklaut. Duerno wier hien zesumme mat senge Komplize fortgelaf. Hie konnt duerno och net méi vun der Police ugetraff ginn. Et gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.
Am meeschte gelies