Mann fiert alkoholiséiert mat sengem Auto op de Policebüro

© RTL Archiv
Am Nomëtteg vum 24. Juli 2025 ass e Mann zu Capellen bei d'Police gaangen, fir do eppes ze mellen.
D’Beamten hunn däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum bei him festgestallt. Hien huet och zouginn, gedronk ze hunn, awer behaapt, mam Bus komm ze sinn.
Wéi hien de Policebüro verlooss huet, ass hien dunn awer bei säin Auto gaangen an ass do erageklommen. D’Beamten hunn hien doropshin zréck op de Policebüro geruff. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn.
Géint 00:40 Auer de 25. Juli 2025 ass eng Policepatrull op e Gefier an der Rue de l’Usine zu Rëmeleng opmierksam ginn, dat wéinst enger verdächteger Fuerweis an héijer Vitesse. D’Gefier konnt méi spéit gestoppt ginn. Bei der Kontroll huet de Chauffer däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen. Den Alkoholtest war positiv, an och hei gouf de Führerschäin agezunn.