Infektiéis medezinesch Offäll kënnen elo direkt zu Lëtzebuerg entsuergt ginn
Bis elo hunn d'Offäll misste mat Camionen an d'Ausland gefouert ginn, fir do entsuergt ze ginn. Duerch déi nei Anlag zu Beetebuerg ass dat net méi néideg.
Drësseg Joer ass et hier, datt d’Firma Lamesch deen éischte Bac Spidolsoffall agesammelt huet. Deemools war dat eng nei Kollekte, esou de Yves Feuillen vu Lamesch pre zero. “Donc nous avons decidé d’affrêter une camionette qui transporté un bac à l’incinérateur de Rotterdam. Ce n’était pas très rentable, mais le service était né.”
Bei enger Camionnette ass net bliwwen. De Lëtzebuerger Spidolsoffall gouf bis elo mat Camionen exportéiert. Ma wärend der Covid-Kris war een och hei bemol mat zouene Grenze konfrontéiert. An et ass ee sech bewosst ginn,“que la situation est quand-même très précaire et qu’il faut une solution locale pour ces déchets.”
Fënnef Joer Recherche a Visitten am Ausland méi spéit steet elo déi nei Anlag zu Beetebuerg. Zanter Mee ass se a Betrib an huet scho 75 Tonne Spidolsoffäll wéi Sprëtzen, OP-Geschier oder Verbänn verschafft.
Déi Entsuergung geschitt a fënnef Etappen, wéi den Direkter seet. Als éischt ginn d’Dechete kontrolléiert an dann zerstéckelt: “Troisième étape – les déchets sont préchauffés avec une installation à microondes à 85 degrés ensuite les déchets sont ammenés dans un cuve ils sont maintenus à cent degrés pendant une heure et c’est vraiement cette étappe qui est cruciale pour la décontamination des déchets. Ensuite les résidus décontaminés seront valorisés dans une installation d’incénaration pour déchets ménagers. “
Dat heescht, si ginn um Enn op d’Sidor gefouert. Ma et schafft een och drun, fir de Gros vun de Materialien an Zukunft kënnen ze recycléieren.
D’Gesondheetsministerin Martine Deprez faasst d’Avantagë vun der neier Anlag esou zesummen: “Kuerz Weeër, manner CO2-Ausstouss an en direkten Interlocuteur, fir den Dispatching vun den Decheten ze maachen.”
D’Anlag huet eng Kapazitéit vu 700 Tonnen d’Joer a gëtt mat Elektresch aus Solaranlage bedriwwen, wat hire Co2-Foussofdrock nach emol reduzéiert.