Changement am Beetebuerger Gemengerot
Patrick Kohn wiesselt vun der ADR bei d'CSV

© RTL (Archiv)
Am Beetebuerger Gemengerot gëtt et e Changement. Ee Conseiller wiesselt d'Partei.
De Patrick Kohn verléisst d'ADR an ass vun elo u Member an der CSV. Dat deelt d'Lokalsektioun vun der CSV mat. Op Nofro hi sot de Concernéierten eis, datt hie mat der nationaler Politik vun der ADR a mat verschiddenen Aussoe vun Deputéierten net méi averstanen ass. Hie géing méi no bei der CSV stoen, sou de Patrick Kohn.
D'Majoritéit vun CSV, DP an déi Gréng kritt domat e Stull zu Beetebuerg bäi a stellt elo an der Märei 9 vu 15 Memberen. D'ADR ass am Conseil dogéint net méi vertrueden.
Am meeschte gelies