Um Donneschdeg wollten déi zwéi Männer vum Lëtzebuerger Fluchhafen erfort a Richtung Kosovo ausreesen.

Um Schalter fir d'Passkontrollen huet sech awer eraus gestallt, datt et géint si en europäeschen Haftbefeel gëtt.
De Parquet gouf informéiert an déi zwéi Männer goufe verhaft. Si haten um Freideg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. Weider Detailer ginn am Police-Bulletin net genannt.