Um Freideg um 17 Auer - 48 Stonnen nom Virfall - war et d'Schreiwes vun der Krisencellule a vun der Post mat weideren Detailer.

Grond fir d'Problemer mam Reseau vun der Post e Mëttwoch war awer eng Cyberattack.
 
Dat huet elo d'Post selwer an och d'Krisecellule matgedeelt, déi de Premier Luc Frieden um Freideg am fréien Nomëtteg aberuff hat.

Et wier eng ganz cibléiert Attack gewiescht, op engem ganz héijen techneschen Niveau, deelt d’Post 48 Stonnen no der Attack mat. Et wier bis elo net méiglech den Auteur ze identifizéieren. Ma d’Post preparéiert awer eng Denonciatioun beim Parquet.

Zil vun där Attack wier eng gréisser Steierung vun de Servicer gewiescht. D’Hacker hätten dobäi eng Schwächt an der Software ausgenotzt. D’Post ënnersträicht, et wieren keng Donnéeë geklaut oder futti gemaach ginn. Et wier etabléiert, datt et net zu enger Intrusioun an hir Systemer komm wier.

Duerch d’Attack waren um Mëttwoch wärend ronn véier Stonnen déi mobil a fixe Telefonsreseauen an och d’Internetservicer vun der Post ausgefall.

Um Donneschdeg haten déi Responsabel vun der Post nach gesot, si hätten keen Hiwäis op en externen Ugrëff.
Den Ament ginn déi technesch Analysen weider an et gëtt och probéiert eraus ze fannen, wien hannert der Attack stécht.

Den Haut-Commissariat à la protection nationale koordinéiert déi Analysen an enker Zesummenaarbecht mat allen Acteuren, déi concernéiert sinn, esou d'Krisecellule.

D'Schreiwes am Detail

Cellule de crise suite à l’identification de la cause de l’incident technique majeur chez POST (25.07.2025)
Communiqué par : Cellule de crise
 
À la suite de l’identification de la cause de l’incident technique majeur survenu le mercredi 23 juillet 2025 chez POST, le Premier ministre a convoqué une cellule de crise en début d’après-midi de ce vendredi 25 juillet 2025.
Lors de celle-ci, présidée par le ministre de l’Économie, des PME, de l’Énergie et du Tourisme, Lex Delles, le directeur général de POST et son adjoint ont clarifié qu’il s’agissait d’une cyberattaque ciblée d’un niveau technique particulièrement avancé et sophistiqué.

POST a confirmé que cette attaque n’a pas permis d’intrusion dans leurs systèmes internes et qu’aucune donnée n’a été compromise ou exfiltrée. Cette attaque visait à perturber le fonctionnement des services. À ce jour, les analyses techniques et celles concernant l’origine de l’attaque se poursuivent entre les autorités compétentes.

Le HCPN coordonne l’analyse détaillée de l’incident survenu chez POST et de ses répercussions en étroite collaboration avec tous les acteurs concernés, afin d’élaborer les mesures visant à augmenter la résilience des systèmes essentiels.

Participants : ministère d’État, ministère de l’Économie, ministère des Affaires intérieures, ministère de la Digitalisation, Haut-Commissariat à la protection nationale (HCPN), Service de renseignement de l’État, Armée luxembourgeoise, Police grand-ducale, Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS), Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique (SMC), Institut luxembourgeois de régulation (ILR), Centre des technologies et de l’information de l’État (CTIE), POST.