Um 22 Auer e Samschdeg hat d'Police d'illegal Rave-Party definitiv opgeléist

© Domingos Oliveira
An der Géigend vun Hengescht war zanter Samschdegmoien eng illegal Rave-Party amgaangen. Dës Nouvelle vum Essentiel huet d'Police op Nofro hi confirméiert.
Fir dësen Asaz waren eng 120 Beamten aus dem ganze Land op Hengescht geschéckt ginn, dobäi kommen nach Spezialunitéiten, d'Hondsstaffel esou wéi den Helikopter. Och waren Ekippe vum CGDIS a vun der Naturverwaltung op der Plaz, fir d'Police bei hirem Asaz ze ënnerstëtzen. Och gouf de Parquet vun Dikrech ëmmer um Lafende gehalen, fir eventuell Mesuren ze decidéieren.
Nodeem de Kontakt zum Organisateur keen Erfolleg hat, well keng Persoun sech de Beamten als Organisateur z'erkenne ginn hat, an d'Leit sech onkooperativ verhalen hunn, huet d'Police géint 17 Auer duerchgegraff an d'Leit per Hautparleur opgefuerdert, d'Plaz ze verloossen. Vill vun de Leit sinn dëser Opfuerderung nokomm an hunn d'Plaz verlooss, esou datt sech d'Zuel vun de "Partygäscht" séier verréngert huet. D'Police blouf awer op der Plaz, bis all d'Leit d'Feld verlooss haten.
Och eis Leit op der Plaz confirméieren, datt e grousse Policedispositiv agesat gouf, dat mat iwwer 35 Ween a ronn 150 Beamten aus de verschiddensten Unitéiten.
Well bis 21 Auer awer nach ëmmer net all d'Leit d'Feld verlooss haten, huet d'Police déi Patrullen an Unitéiten, déi extra op Hengescht geschéckt gi waren, als Support op déi betraffe Plaz geschéckt, wou déi illegal Rave-Party organiséiert gi war. Wéi d'Police am spéide Samschdegowend an hirem Bulletin matdeelt, waren deen Ament 90 Beamten am Asaz, fir d'Party opzeléisen. D'Leit déi nach sur Place waren, goufen eng leschte Kéier iwwer Lautsprecher opgefuerdert, déi illegal Party ze verloossen. Bis 22 Auer haten alleguer d'Leit d'Plaz da verlooss.
Am Kader vum Asaz goufen 19 Persounen vun der Police festgesat, fir hir Pabeieren ze kontrolléieren. Géint zwou Persoune gouf e Protokoll wéinst Rebellioun erstallt an eng Persoun konnt kee valabele Fürerschäi virweisen. Iwwerdeems hunn d'Beamten eng Partie Verstéiss géint d'Drogegesetz constatéiert. D'Substanze goufe saiséiert an an alle Fäll gouf Protokoll erstallt.
Schliisslech gouf dat ganzt Bünen- an Audio-Material, dat fir d'Organisatioun vum Event, grad ewéi alleguer d'Gefierer, mat deenen dëst dohinner bruecht gouf, am Kader vun der Erstellung vun engem Protokoll wéinst dem Verstouss géint d'Naturschutzgesetz op Uerder vum Dikrecher Parquet saiséiert.

© Domingos Oliveira
Police schonn e Freideg alarméiert
Wéi et am Laf vum Samschdeg vun der Police geheescht huet, wier den 113 schonn e Freideg den Owend vun Awunner vun Hengescht doriwwer informéiert ginn, datt vill Gefierer, dorënner Camionen a Campingween, vun Hengescht aus an de Bësch géife fueren. Op der Plaz hat d'Police e puer honnert Persounen ugetraff, déi do campéiert hunn. Well awer zu deem Ament weder d'Nuetsrou gestéiert gouf nach aner Problemer konnte festgestallt ginn, gouf bis e Moie gewaart, fir weider Schrëtt anzeleeden.
Eng 500 Leit um Feld bei Hengescht
Well awer beim Evenement, fir dat et keng Autorisatioun gouf, ronn 500 Leit deelgeholl hunn an dëst och nach an engem Naturschutzgebitt organiséiert gouf, gouf e Samschdeg de Moien no Ofsprooch mat de Gemengeverantwortlechen decidéiert, déi illegal Rave-Party opzeléisen. Dowéinst hunn d'Beamten och probéiert, Kontakt mam Organisateur opzehuelen, wat awer net direkt e Fortschrëtt bruecht huet.
Méi Patrullen am Asaz
Am Laf vum Samschdeg waren dowéinst och méi Patrullen am Asaz, déi d'Situatioun iwwerwaachen. Och hu sech nach aner Policeunitéiten aus dem Recht vum Land an der Ëmgéigend versammelt, fir am Fall wou séier kënne n anzegräifen.

Déi éischt Ween vum illegale Rave ginn ofgeschleeft. / © Domingos Oliveira