Esou e Behuelen "toleréiere mer net", esou den zoustännege Buergermeeschter

© Domingos Oliveira
E Freideg den Owend scho war d'Police driwwer informéiert ginn, datt sech Leit am Bësch bei Hengescht géife versammelen.
Am Fong ass den Ourdall éischter ee rouegen Eck, ma zanter e Freidegowend war dat awer e bëssi anescht. E puer Kilometer vun Hengescht ewech gëtt nämlech zanter eng illegal Rave-Party organiséiert. De Clierfer Buergermeeschter Georges Keipes gouf e Samschdeg de Moie vun der Police doriwwer informéiert. Dono gefrot, wat an deene leschte Stonne genee am Ourdall geschitt ass, gëtt de Gemengepapp dës Äntwert:
"Also et zirkuléiert jo mol ee Video, dee vu private Leit gemaach ginn ass. Dës Weideren hunn ech hei och mat den Awunner geschwat, wou et an den Ourdall geet, déi hu mer gesot, datt effektiv gëschter Owend schonn e puer Honnert Leit an engem Konvoi hei erof op d'Our gefuer sinn. Et schéngt, wéi wann et sech ëm e puer Honnert Leit géing handelen, déi sech do ënne versammelt hätten. Mat zwou bis dräi Bünen an da Musek maachen a sech do ophalen, ouni virdru gefrot ze hunn."
De Georges Keipes ënnersträicht dann nach, datt een dat Behuelen als Gemeng absolut net toleréiere géing. Och wann d'Wiss, op där d'Party organiséiert gëtt, e puer Kilometer vun der Uertschaft ewech leien an een d'Musek just lues héiere géing, géing et sech awer ëm ee geschützte Site an engem Naturpark handelen, deen net fir esou een Evenement gëeegent wier.
D'Participante vun der Rave-Party sinn RTL-Informatiounen no iwwerdeems quasi ausschliisslech Leit, déi extra dofir aus dem Ausland op Lëtzebuerg komm sinn. Wärend d'Police de ganzen Samschdeg iwwer present war, hunn d'Beamten géint 17 Auer duerchgegraff, fir datt d'Party sech opléist. Um 21 Auer dunn huet d'Police all d'Unitéiten, déi am Norden zesummegezu goufen, op d'Plaz geschéckt.