Et bräicht awer elo relativ séier e puer dréchen a bëssi méi waarm Deeg um Stéck, soss kann de Weess net méi fir d'Mielproduktioun genotzt ginn.

Normalerweis sinn ëm dës Zäit queesch uechter d'Land d'Baueren amgaangen ze dreschen, ma am Moment ass et op de Felder awer éischter roueg. Aktuell ass et nämlech ze fiicht dobaussen, an an deenen nächsten Deeg dierft sech dorunner och näischt änneren. Am Fong ass ee bis elo zefridde mam Karschnatz, mee wann d'Wieder net geschwënn ëmschléit, kéint sech dat nach änneren.

Am Fong géinge se mam Méidrescher am léifsten hir Ronnen um Feld dréinen, mee dat léisst d'Wieder am Moment net zou. Dat ass awer am Fong net schlëmm, well dëst Joer huet ee schonn den 1. Juli mat der Wantergeescht ugefaangen, dräi Woche méi fréi, ewéi normal. Et wier een och gutt virukomm, ma de Weess war zu deem Zäitpunkt awer nach esou just net zeideg. Dat ass mëttlerweil zwar anescht, mee dofir ass et elo ze fiicht fir ze dreschen. Et bräicht ee véier dréchen Deeg mat ëm déi 25 Grad, da kéint een duerfueren. Ze laang sollt de Weess op alle Fall net méi um Feld stoen.

Sam Mille, Bauer vu Pärel:

"Dat hei ass Broutweess, dee gëtt geholl fir ze muelen, fir Miel hierzestellen an dee muss eng ganz héich Qualitéit hunn, well soss ass d'Miel net méi bakfäeg. Et riskéiert, wann et lo nach déi nächst zéng Deeg viru reent, datt e seng Bakfäegkeet verléiert an datt en esouguer riskéiert auszewuessen. An dat wier fatal fir d'Mielproduktioun, da kéint dëse Weess just nach als Fudderweess genotzt ginn."

Méi fréi am Joer hat een iwwerdeems scho Problemer mat Schleeken, déi een Deel vum Weess gefriess hunn, dowéinst gouf hei Summergeescht nogeséint.

Mat héije Gewënner rechent een dëst Joer awer souwisou net, de Präis vun de Kären ass wéinst der héijer Offer nämlech méi niddreg wéi déi lescht puer Joer.

Ma och wann dreschen am Moment keng Optioun ass, heescht dat awer net, datt et un Aarbecht feele géing. Alternativ gëtt elo da Silo fir d'Béischte geméint.

"Mir si lo hei amgaangen, een drëtte Schnatt ze méien, dat ass eng Kéier Kléigras-Fudder. Kléigras huet de Virdeel, datt et eng Eewäissquell fir eis Béischten ass. Doduerch, datt mer dëst Gras ugebaut hunn, musse mer manner Kraaftfudder zoukafen."

Nom éischte Schnatt wier et nach zimmlech dréche gewiescht, mee duerch de Reen aus deene leschten zwee Méint hätt sech d'Situatioun verbessert.

An dat ass och net vu Muttwëll, well déi ronn 300 Béischten am Betrib zu Pärel wëlle jo och sat ginn. A fir se ze fidderen, ginn deelweis eben och d'Käre vum Feld benotzt. Am Enn vum Dag kann ee vun engem grousse Kreeslaf schwätzen.

"Op der enger Säit dresche mer et, een Deel gëtt verkaaft, deen aneren Deel hale mer um Feld, da gëtt e rëm iwwert d'Béischte verwäert, sou hu mer rëm Mëscht am Stéck, wouduerch herno déi nei Käre kënne wuessen. Dat heescht, et ass effektiv ee Kreeslaf an et ass d'Konscht, esou mann wéi méiglech Närstoffer an deem Kreeslaf ze verléieren."

Wat de Karschnatz ugeet, sou rechent een dëst Joer beim Rendement mat engem normalen a bei der Qualitéit mat engem gudde Joer. Elo muss just nach de Summer matspillen a sech zu Lëtzebuerg zeréckmellen.