An der Vakanzenzäit, wann d'Leit net doheem sinn, gëtt gär agebrach. D'Police warnt op en Neits virun Abréch, wou Fiedem aus Pech am Spill sinn.

An de leschten Deeg goufen der Police sou Fäll gemellt. D’Täter ginn an Appartementshaiser eran a sprëtze ganz réng Fiedem, déi ee kaum gesäit, an den ënneschten Eck vun der Entréesdier vun de Wunnengen. Sou wëlle si kucken, ob d’Leit doheem sinn.

Wann d’Dier opgemaach gëtt, fueren d’Fiedem futti. Am anere Fall kéint et en Indice sinn, datt keen doheem ass. An d’Täter kéinten decidéieren anzebriechen.

Wann een e sou Fiedem aus Pech un senger Dier gesäit, soll een den 113 uruffen.