Wéi ee Restaurant trotz vollem Haus finanziell Problemer kréie kann
Ee verännert Behuele vun de Clienten a méi héich Niewekäschte féieren zu ëmmer méi klenge Margen.
D'Situatioun fir Caféen ass iwwer Land alles anescht wéi evident, besonnesch am Norden hunn an deene leschte Joren eng Partie Etablissementer hier Dieren zougemaach, dee Constat huet de Generalsekretär vun der Horesca, Steve Martellini, viru Kuerzem bei eis um Radio gemaach. Ma och d'Restauranten hunn ze struewelen. Ee Fall ass dee vum "Abruzzebier" zu Groussbus. Well esouguer eng Vente forcée gedreet huet, huet d'Patrone op de soziale Reseauen ëm Hëllef gefrot.
Am Facebook-Video heescht et:
"Et ass eng ganz elle Situatioun fir mech als Gastronomin, ech sinn elo 20 Joer am Metier an ech hätt ni geduecht, datt ech eng Kéier sou hei géing sëtzen."
Zanter 12 Joer gëtt et de Restaurant "Beim Abruzzebier", et huet een 140 Plazen, déi och dacks gutt besat wieren, dat zum gréissten Deel vu Stammclienten. Well d'Keess owes normalerweis gutt gefëllt war, hätt si sech net kënne virstellen, datt déi finanziell Situatioun alles anescht wéi roseg ass. Dobäi wier si scho virun 3 Joer vun hirer Fiduciaire dorobber higewise ginn. Ee Grond fir déi schrëttweis Verschlechterung wier, nieft enger Verännerung am private Beräich, datt d'Gewunnechte vun de Cliente geännert hätten. Engersäits géing manner konsuméiert ginn, anerersäits wieren d'Niewekäschten awer an d'Luucht gaangen.
Athenais Altamuro (Patrone vum Restaurant "Beim Abruzzebier"):
"Wann een eng Marge tëscht 3,5 a 4 huet, dann ass ee scho ganz gutt. Dat heescht, wann een eng Carbonara fir 18 Euro op der Kaart gesäit, da kann ee jo rechnen, wann een dat deelt, wéi vill ee muss hunn, fir eng Carbonara ze maachen a mir sinn alleguerten driwwer, dat geet jo guer net op, wann s de ënnert dem Stréch kucks. Natierlech kascht eng Nuddel net vill, mee du muss awer rechnen, wat kascht däi Kach fir déi Carbonara, du muss eng Spullfra bezuele fir déi Carbonara, du muss de Stroum bezuele fir déi Carbonara."
Et kéint een déi zousätzlech Käschten awer net einfach un de Client viruginn, soss kéim en net méi. An esou wier d'Schold vis-à-vis vun der Gesondheetskeess an de Fournisseuren Mount fir Mount méi grouss ginn.
Well d'Banke kee Prêt wollte ginn, stoung nach bis viru Kuerzem eng Vente forcée am Raum. Fir dat ze verhënneren, huet eng Frëndin am Internet een Opruff fir Crowdfunding gemaach. Mat iwwer 30.000 Euro ass bannent kuerzer Zäit genuch beieneekomm, fir de Restaurant ze retten. Trotzdeem wéilt een net esou weiderfueren, wéi wann näischt geschitt wier, mee de Fokus erweideren.
"Op alles, wat Chiffere sinn. Ech hunn dee Volet wéi gesot wierklech ënnerschätzt, ech krut et jo gesot, ech gouf dorobber higewisen an dunn ass et komm an du war et schonn ze spéit. Dat heescht ech wäert mech an Zukunft och méi oft selwer domadder befaassen. Et ass schwéier, well wann s de vir um Terrain bass, bleift oft keng Zäit."
Hëllef fir Entreprisen, déi finanziell an de Laberente sinn, gëtt et zum Beispill beim House of Entrepreneuship vun der Chambre de commerce. Hei stellt ee fest, datt den Horeca-Secteur besonnesch sensibel ass.
Marie-Sultana Langa (Conseillère beim House of Entrepreneurship):
"Il y a une proportion générée des dettes qui est quand même importante, parce que pour lancer un restaurant vous devez quand même mettre beaucoup d'argent sur la table. Il va falloir prendre un contrat de bail pour les locaux, il va falloir peut-être avoir des salariés, serveurs, serveuses, cuisiniers, il va falloir acheter des stocks de nourriture, il va falloir acheter le matériel et vous êtes obligés de faire tous ces investissements pour pouvoir lancer le restaurant. Donc vous avez des charges fixes qui sont assez élevées et qui viennent."
Den Haaptproblem wier, datt d'Entreprisen dacks réischt no Hëllef froe géingen, wann d'Kand schonn an de Pëtz gefall ass.
Zu Groussbus schéngt et, wéi wann d'Kand nees aus dem Pëtz eraus ass. D'Suen, déi bei der Spendenaktioun gesammelt goufen, sollen iwwregens sou gutt et geet zeréckbezuelt ginn.