D'Erfaasse vun den Éiwegkeetschemikalie bleift eng Erausfuerderung. Vun 2026 u gëllen EU-wäit Grenzwäerter.

Éiwegkeetschemikalie ginn an der Ëmwelt en ëmmer méi grousse Problem. “PFAS si polyfluoréiert Kuelestoffverbindungen. Dat si Substanzen, déi mir am deegleche Liewen iwwerall do erëmfannen, wou besonnesch Eegenschafte verlaangt ginn. Dat sinn Anti-Haft-Eegenschaften, awer och ofpäerelend Eegenschaften", erkläert d’Brigitte Lambert, Unitéitscheffin beim Waasserwirtschaftsamt. Se kommen also ënner anerem bei der Produktioun vun Teflon-Panen, Kosmetik, Medikamenter a waasserofweisender Kleedung an den Asaz. Si sinn awer och en Ofbauproduit vu verschiddene fluorhaltege Pestiziden. De Problem vun dëse chemesche Verbindunge wier awer, dass se sech kaum ofbauen an dowéinst iwwerall an der Ëmwelt ze fanne sinn. Och am Drénkwaasser.

Éiwegkeetschemikalien-Grenzwäert zu Lëtzebuerg / Reportage Lisa Weisgerber

Wéi et ëm d’Éiwegkeetschemikalien am Waasser hei am Land steet, gëtt am Labo vum Waasserwirtschaftsamt um Belval analyséiert. “Mir hunn hei zu Lëtzebuerg relativ déif PFAS-Konzentratiounen. Dat ass anescht wéi am Ausland, wou et gewëss industriell Hotspots gëtt. Do ginn et dann och wierklech Depassementer vum Grenzwäert vun 100 Nanogramm. Do si mer zu Lëtzebuerg net", betount d’Brigitte Lambert. Vun 2026 u wäerten EU-wäit Grenzwäerter agefouert ginn, déi Lëtzebuerg awer schonn zanter 2023 applizéiert.

Aktuell schonn däerf d’Zomm vun den 20 wichtegste PFAS am Drénkwaasser net iwwer 100 Nanogramm pro Liter goen. Dëst entsprécht engem Volume vu 7 Räiskären an engem Olympia-Basseng. De Mëttelwäert vun den 20 PFAS, déi am Drénkwaasser analyséiert goufen, läit aktuell bei 1,2 Nanogramm pro Liter.
 
Doriwwer eraus däerf d’Zomm vun alle PFAS am Drénkwaasser 500 Nanogramm pro Liter net depasséieren. Dëst z’analyséiere wier awer problematesch, wëll vun den 10.000 Substanzen, déi zu der PFAS-Famill gehéieren, vill nach guer net erfuerscht wieren, erkläert d’Brigitte Lambert. 
 
E méi spezielle Rôle kënnt der Éiwegkeetschemikalien TFA zou. TFA steet fir Trifluoressigsaier, eng kënschtlech produzéiert Chemikalie, déi sech an der Ëmwelt kaum bis guer net ofbaut. Hei gëtt et kee gesetzleche Grenzwäert mee just en Orientéierungswäert, dee bei 12.000 Nanogram pro Liter läit. Aktuell läit de Mëttelwäert vum TFA am Drénkwaasser hei am Land bei 850 Nanogram. Beim TFA handelt sech ëm eng ganz kleng PFAS-Moleküll. “Et ass observéiert ginn, dass se sech manner am mënschleche Kierper accumuléiert. An de wéinegen Etüden, déi et bis elo ginn, schéngt et och, wéi wann et manner toxesch ass, wéi zum Beispill de PFOA”, erkläert d’Laurence Wurth vun der Direktioun vun der Santé.

SEBES rengegt d’Drénkwaasser vun enger Partie PFAS

Fir dass aus dem Stauséi-Waasser Drénkwaasser gëtt, ass de SEBES zu Eschduerf responsabel. Dëse versuergt 50 bis 70 Prozent vum Land mat Drénkwaasser, wat virdru muss opbereet ginn. “D’PFAS misst mer erauskréien duerch Ozonéierung an dono d’Aktivkuelfiltratioun. Bei dem TFA ass et leider net esou einfach. Dat ass eng Moleküll, déi net fest ass. Se ass geléist. A se ass esou stabil, dass se och vun eisem Traitement net ewechgeholl gëtt", betount de SEBES-Direkter Georges Kraus. Dës wier zwar theoretesch erauszekréien, mee et wier eng grouss Investitioun néideg an um Enn kéim quasi distilléiert Waasser eraus.

Hie wier dowéinst frou, wann een zu Lëtzebuerg nach e Schratt méi wäit géing goen an d’Produiten, déi à la base vu PFAS an TFA sinn, kéinte verbuede ginn. “Dat heescht, déi an der Natur kënnen TFA bilden, dass déi net méi géife benotzt ginn", präziséiert de Georges Kraus. Nach wier awer relativ onkloer, wou d’PFAS-Veronrengegung am Drénkwaasser iwwerall hierkéim.

Fir Lëtzebuerg wier dëst am ländleche Raum awer kloer, mengt de Mouvement Ecologique. Dacks géing et sech ëm TFA handelen, deen duerch bestëmmte Pestizide kéim. TFA ass nämlech och en Nieweprodukt, deen duerch d’Degradéierung vu bestëmmte Pestiziden entsteet. An anere Länner wiere schonn esou Pestizide verbuede ginn, seet d’Claire Wolff vum Mouvement écologique. Dëst, well antëscht alles géing drop hiweisen, dass et kéint zu gesondheetleche Schied beim Mënsch kommen.

“Mir fuerderen d’Vorsorgeprinzip, dass mer soen: Dat sinn Éiwegkeetschemikalien. Well se fir ëmmer an der Ëmwelt bleiwen, musse mer elo stoppen, dass se erakommen. Einfach, fir dass mer net op e 'Point of no return' kommen, wou mer dat net méi kënne verbesseren", seet d’Claire Wolff.