5 Blesséierter bei 4 Kollisiounen uechter d'Land

© Domingos Oliveira / RTL
E Mëttwoch den Owend waren d'Ekippe vum CGDIS op 4 verschidden Accidenter geruff ginn, bei deenen am Ganze 5 Leit blesséiert goufen.
De CGDIS mellt deemno fir 17.17 Auer eng Kollisioun tëscht zwee Autoen op der A6 tëscht dem Wandhaff an der Belscher Grenz a Richtung Arel. Hei gouf eng Persoun blesséiert, déi vun de Rettungsekippe vu Koler a Stengefort-Käerch versuergt gouf.
Zu Maarnech an der Strooss "Bombatsch" waren iwwerdeem géint 18.24 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Et gouf ee Blesséierten an d'Secouriste vu Clierf waren um Asaz.
E puer Minutten drop géint 18.30 Auer hat et dann um CR101 tëscht Gousseldeng a Schëndels geknuppt. Och hei gouf et ee Blesséierten, nodeem de Samu-Noutdokter vun Ettelbréck an d'Ambulanciere vu Lëntgen gekuckt hunn. Nach op der Plaz waren d'Pompjeeë vum Zenter Lëntgen-Luerenzweiler a Miersch.
Zwee Blesséierter gouf et no enger Kollisioun op der Haaptstrooss zu Heischent. Hei waren d'Rettungsdéngschter vum Zenter Alebesch a vu Wolz am Asaz.