An de leschte Stonne waren der Police e puer Abrochversich gemellt ginn, souwéi Abréch an Autoen.

Deemno wier een Abriecher e Mëttwoch den Owend beim Versuch, an en Eefamilljenhaus an der Haaptstrooss zu Hoen anzebriechen, erwëscht ginn. Wéi et heescht, hätt den Täter eng Fënster vum Haus ageschloen a wier dobäi vun den Awunner iwwerrascht ginn. Doropshin hätt den Abriecher sech duerch d'Bascht gemaach an hätt och bei enger Sich net kënne fonnt ginn.

Um selwechten Owend géint 22.30 Auer wier iwwerdeem e weideren Abrochversuch an der Rue Mathias Koener zu Esch gemellt ginn. Wéi déi onbekannt Täter probéiert hunn, an d'Haus ze kommen, wiere si awer vun der Alarmanlag gestéiert ginn.

Autoabréch uechter d'Land

Am Garer Quartier war der Police iwwerdeem gemellt ginn, datt zwee onbekannt Täter an en Auto an der Rue Mathias Hardt agebrach wieren an dësen duerchsicht hunn.

Donieft waren Onbekannter an der Nuecht op en Donneschdeg an der Rue du Verger um Verluerekascht an en Auto agebrach, bei deem éischten Informatiounen no ee Brëll geklaut gouf.

An alle Fäll goufen Ermëttlunge lancéiert.