Grond fir den Asaz kéint e Sprengkierper aus dem Zweete Weltkrich gewiescht sinn. Den Trafic soll nees normal rullen.

De Boulevard J.F. Kennedy zu Esch-Uelzecht war en Donneschdeg géint 13 Auer fir eng gutt hallef Stonn wéinst enger Interventioun vun der Police gespaart ginn. Wéi den ACL matgedeelt hat, war d'Strooss komplett fir den Trafic gespaart ginn. Mëttlerweil soll et nees normal rullen.

Éischten Informatiounen no kéint ee Sprengkierper aus dem Zweete Weltkrich de Grond fir den Asaz gewiescht sinn. Nieft der Police war deemno och de Service Deminage vun der Arméi op der Plaz.