Fonds de Logement huet zejoert 106 Wunnengen op de Maart bruecht
Zanter 45 Joer baut de staatleche Promoteur hei am Land Wunnengen.
De Fonds de Logement huet zejoert 106 Wunnengen op de Marché bruecht. Dat geet aus dem Aktivitéitsrapport ervir, deen en Donneschdeg de Mëtteg publizéiert ginn ass. Dat sinn der liicht méi wéi nach dat Joer virdrun, du waren et 85 Wunnengen.
Den netto Chiffre d'affaires geet iwwerdeems weider erof vu ronn 28 Milliounen Euro op knapp 20 Milliounen. Dat géif dorunner leien, datt däitlech manner abordabel Wunnenge verkaf goufen. Am ganzen huet de staatleche Promoteur a senge 45 Joer Existenz 2.334 Locatiounswunnengen an 1.745 Wunnenge fir d'Vente realiséiert. Zil wier et, an den nächsten 20 Joer ronn 5.000 nei Logementer op de Marché ze bréngen, fir der Wunnengsnout entgéintzewierken.