Warnung vun der CSSF
Iwwerwaachungskommissioun freet Konsumente ni no Suen

D'CSSF warnt viru Bedruch, bei deenen d'Identitéit vun der Iwwerwaachungskommissioun genotzt gëtt.
Et géingen a leschter ëmmer méi esou Fäll ginn, steet an engem Communiqué. Onéierlecher géinge Leit, déi a Kryptowärungen investéiert hunn, kontaktéieren a sech als Vetrieder vun der CSSF ausginn. Si géingen am Numm vun der Finanzopsiicht Steieren oder aner Fraisen vun de Konsumente froen.
D'CSSF rappelléiert, datt si ni Konsumente no Sue freet an och net fir de Steierberäich oder d'Gestioun vu Finanzinstrumenter kompetent ass.
Am meeschte gelies