Wéi de CGDIS e Freideg de Moie mellt, hat et en Donneschdeg den Owend an enger Scheier gebrannt. Ganzer 12 Pompjeescorpse waren op der Plaz.

Géint 18.29 Auer waren d'Rettungsdéngschter vum CGDIS iwwer d'Feier informéiert ginn. Nieft enger Ambulanz vu Réiden an dem Groupe d'appui technologique opérationnel (GATO) waren d'Pompjeeë vum Alebesch, Biekerech, Clierf, Colmer-Bierg, Ell, Groussbus, Kielen, Miersch, der Nordstad, Réiden, Viichten, Stengefort an dem Centre de soutien logistique (CSL) vu Lëntgen am Asaz.

Am CGDIS-Bulletin ass iwwerdeem ze liesen, datt keng Persoun blesséiert gouf.

Wéi de CGDIS an engem Post op hirem Facebook-Site preziséiert, hätten eng 180 Botten an der Scheier gebrannt, déi eraustransportéiert hu misse ginn. Op engem Feld wieren dës ausgebreet a geläscht ginn. Doduerch hätte sech d'Läschaarbechte "bis an de fréie Moie gezunn".

Donieft hätt et "limitéiert Waasserversuergungsméiglechkeeten op der Plaz" ginn, esou datt een e sougenannte "Pendelverkéier" huet missen ariichten, "deen et erméiglecht huet mat engem Großtanklöschfahrzeug (GTLF), deen e Waassertank vun 10.000 Liter huet, reegelméisseg Läschwaasser op d’Asazplaz ze befërderen".