Dräi Blesséierter bei véier Accidenter

En Donneschdeg den Owend hat et véier Mol uechter d'Land op de Stroosse gerabbelt. Am Ganze goufen dräi Persounen dobäi blesséiert.
Wéi de CGDIS mellt, war et kuerz viru 17 Auer op der N8 tëscht Reckeng a Miersch zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoe komm. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Miersch a Lëntgen versuergt.
Géint 19.33 Auer goufen d'Ekippe vum CGDIS iwwert en Accident op der B40 am Tunnel Micheville informéiert, bei deem et ee Blesséierte gouf. Um Asaz waren d'Ambulancieren an d'Pompjeeë vun Esch.
E weidere Blesséierte gouf et dann nach no engem Accident um CR324 tëscht Housen a Boukels. Hei waren et d'Rettungsekippe vun Housen, déi op der Plaz waren.
E leschten Accident mellt de CGDIS dann nach op der A3 a Richtung Metz op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz géint 23.35 Auer. Hei koum keng Persoun zu schued. Um Asaz waren d'Rettungsdéngschter vu Beetebuerg, Diddeleng an aus der Stad.
Weider mellt de CGDIS, datt e Freideg kuerz viru 16 Auer e Motocyclist zu Diddeleng gefall ass an dobäi blesséiert gouf.